Um zweetleschten Dag vun de Spiller vun de klenge Länner sinn nach emol 8 Medaile fir d'Team Lëtzebuerg dobäi komm.

Lëtzebuerg läit mat 64 Medailen (21-21-22) op der drëtter Plaz am Medailespigel. Un der Spëtzt steet Zypern (26-23-37) virun Island (25-19-21).

Schwammen

Um leschten Dag vun de Schwammkompetitioune gouf et zweemol Bronze, dat fir d'Jacqueline Banky iwwer 50m Réck a fir d'4x100m 4 Nages-Staffel. Donieft huet de Ralph Daleiden Ciuferri iwwer 50 Meter Réck als Zweeten ugeschloen, genee wéi d'Emma Barthel iwwer 400 Meter 4 Nages.

D’Lëtzebuerger Schwammekipp huet bei de Spiller vun de klenge Länner 2025 22 Medailen gewonnen, 7 Gold-, 8 Sëlwer- a 7 Bronzemedailen. Vum Trainer gouf et fir dës Leeschtung e grousse Luef.

Dëschtennis

Fir den Ofschloss vun de Kompetitioune gouf et fir d'FLTT-Spiller nach emol Gold a Sëlwer. D'Dammen hu par équipe géint Malta an der Finall gewonnen. Bei den Häre gouf et eng Defaite géint Malta.

Domadder gouf et fir d'FLTT-Vertrieder an Andorra op d'mannst an all Kompetitioun eng Medail. Am Ganze goufe 7 Medaile gesammelt (4 Gold, 1 Sëlwer an 2 Bronze).

Tennis

Um zweetleschten Dag vun de Kompetitioune gouf et fir Lëtzebuerg zweemol Gold am Tennis.

Bei den Dammen hunn d'Marie Weckerle an d'Eleonora Molinaro sech am Dubbel Gold geséchert. D'Hären Alex Knaff a Raphael Calzi hunn hinnen et gläichgemaach.

Weider Andréck vum zweetleschten Dag

Klickt op d'Bild, fir op den Dossier mat Artikelen, Livestreamen, Videoen a Fotoen ze kommen.