Béid Ekippen hu sech duerch e serréierten 3:2 géint Zypern behaapt a Gold gewonnen.

Et ass fir d'éischte Kéier, dass souwuel d'Damme wéi och d'Häre Gold op de Spiller vun de klenge Länner gewonnen hunn. "Et fillt sech super un, et ass de beschte Moment a mengem Liewen", sou d'Volleyballnationalspillerin Emma Van Elslande.
 
Nodeems d'FLVB-Dammen 0:2 hanne louchen, huet d'Ophueljuegd ugefaangen. An déi hat et a sech. "Am Ufank vum Match ware mir nervös. Mir hunn net eist Spill gespillt", sou d'Van Elslande. Am 3. Saz huet d'Partie zu Gonschte vun de Lëtzebuerger gedréint. Eréischt am 5. Saz ass d'Decisioun gefall. 17:15 fir de Roude Léiw an en 3:2-Succès. 
 
"Mir hunn alles ginn a goufe vun de Supporter gepushed. [...] Déi 4 Matcher hu mir mat der ganzer Bänk gespillt", sou d'FLVB-Spillerin.

RTL

© FLVB

D'Hären haten och e schwéiere Start an de Match géint Zypern. "Si hunn immens gutt opgeschloen", sou de Gilles Braas am RTL-Interview. "Mir louchen am 1. Saz wäit hannen. U sech kann een dee Saz quasi net méi gewannen. Mir hunn et iergendwéi awer nach fäerdegbruecht. Mat 35:33 geet den 1. Saz un d'Lëtzebuerger. 
 
"D'Hal war immens déif. Doduerch war et schwéier, de Ball am Terrain ze halen, dass en net widder de Plaffong kënnt", sou de Gilles Braas.

Um Enn konnt sech mat 3:2 an de Sätz behaapten a Gold feieren.
 
2023 gouf et kee Volleyball op Malta an dofir war ee frou, datt een hei nees d'Chance hat, fir kënne mat dobäi ze sinn. Gutt gefall huet dem Kapitän vun der Nationalekipp dann och d'Landschaft vun Andorra. D'Leit wieren immens fein an hëllefsbereet.

Am Beachvolleyball gouf et eng Medail fir den Dammen-Duo Rebekka Klerf an Eline Delcourt. Si hu sech Sëlwer geséchert. Pech hat den Hären-Duo Steve Weber a Colin Hilbert. Am zweetleschte Match huet sech de Colin Hilbert blesséiert, sou datt si déi Partie an och de leschte Match net méi spille konnten. Bis zur Blessur war een nach an der Course ëm Gold.

Klickt op d'Bild, fir op den Dossier mat Artikelen, Livestreamen, Videoen a Fotoen ze kommen.