
© RTL
Zanter 10 Joer ass d'Davina Ribeiro Alves Synchronschwëmmerin.
D'Synchronschwammen ass e Mix aus Schwammen, Turnen an Danzen am Waasser, sou d'Davina Ribeiro Alves, wa si hir Sportaart erkläre muss. 19 Joer al ass d'Sportlerin vun Diddeleng.
Virun 10 Joer ass si vum Schwammen eriwwer gewiesselt. "Deemools goufen d'Sportaarte getosch. D'Schwëmmer konnte sech mol am Synchronschwamme probéieren an d'Synchronschwëmmer sech am Schwammen", sou déi jonk Sportlerin. "Ech wëll elo Synchronschwamme maachen", sou huet d'Athletin hirer Mamm virun 10 Joer de Wiessel vun der Sportaart bäibruecht.
Diddeleng an de Swimming Lëtzebuerg hunn eng Ekipp mat Synchronschwëmmer. Eng 60 ginn et der am ganze Land. Bei dësem Sport héiert een iwwer an ënnert dem Waasser Musek. D'Athlete mussen ënnert dem Waasser zielen, fir sech op d'Musek ze beweegen. Eleng, zu zwee oder zu aacht Leit kann dëse Sport duerchgefouert ginn.
All Dag steet Training um Programm. "Et huet een no der Schoul tëscht 3 bis 3,5 Stonnen Training am Waasser", sou d'Davina Ribeiro Alves am RTL-Interview. "Trainéiert gëtt vu méindes bis samschdes. Do muss ee gutt organiséiert sinn", sou d'Sportlerin am Gespréich.
D'Davina Ribeiro Alves ass aktuell op Première am Lycée Nic Biever zu Diddeleng. No der Päischtvakanz ginn déi schrëftlech Exame weider. Och no der Schoul wëll déi 19 Joer al Fra weiderhi Synchronschwamme maachen.
2025 war dës Sportaart eng éischte Kéier bei de Spiller vun de klenge Länner dobäi. Déi jonk Lëtzebuergerin war begeeschtert. Et wier richteg flott gewiescht an et wier eng wichteg Erfarung gewiescht. Op d'Fro hin, op wat et beim Synchronschwammen ukéim, äntwert d'Diddelengerin, "dass een den Otem gutt anhale kann".

© RTL