
© Privat
De François Jehasse an d’Julie Bouvy, zwee engagéiert Kinéen erzielen iwwer hir Zäit an Andorra.
Nieft den Athlete ware bei de Spiller vun de klenge Länner och ganz vill Leit am Hannergrond aktiv. Dorënner och eng Rei Kinéen.
“Eng optimal Atmosphär fir Athleten an och fir eis als Kinéen”
Fir de François Jehasse waren et déi éischt Spiller an Andorra: "D’Zesummenaarbecht mam medezinesche Staff an deenen anere Kinéë war super. D’Athleten an d’Trainer vertrauen eis, an dat mécht et eis méi einfach, si optimal virzebereeden."
An den intensiivste Moment vum Dag? Owes géint 18 oder 19 Auer: "Do leeft de Behandlungsraum voll, bis heiansdo 23 Auer."
All Sportaart huet hir Erausfuerderungen
Vu Rugby bis hin zu Gymnastinnen, d’Variatioun mécht de Beruff spannend.
"Du gees vun engem Volleyballspiller op eng Gymnastin, dat ass net nëmme fachlech, mee och mënschlech immens beräicherend", sou de Kiné.

© privat
"Heiansdo musse mir och Psycholog sinn"
Och dat mentaalt Wuelbefanne vun den Athlete spillt eng grouss Roll.
"Vläicht nach méi hei wéi am Praxisalldag. Heiansdo brauche si just een, deen hinnen nolauschtert, erkläert de François Jehasse. A wann d’Zäit dréckt, muss och d’Behandlung séier a wierksam sinn: "Am Cabinet hu mir méi Zäit, hei geet et dorëms, d’Leeschtung fir den Dag drop z’optimiséieren."
Julie Bouvy: "E ganz anere Rhythmus hei, mee extrem spannend"
D’Julie Bouvy ass schonn déi zweete Kéier mat dobäi a war dës Kéier virun allem beim 3x3 Basket, Dëschtennis an der rhythmescher Gymnastik am Asaz:
"Dat huet mech komplett aus mengem Alldag erausgeholl, mee et war immens interessant. All Sportaart huet hir eege Logik, och bei der Rehabilitatioun a Preparatioun."
Fir si steet d’Optimiséierung am Mëttelpunkt: "Wann ech engem Athlet nëmme schonn 2-3 Prozent méi Kraaft oder Mobilitéit kann zeréckginn, fir dass e muer besser performt, da war et et wäert."
Wat geschitt am Fall vun enger Blessur?
"Bei klenge Blessuren hu mir meeschtens alles dobäi, wat néideg ass. Et geet net ëmmer ëm klassesch Behandlungen, mee ëm déi kleng Techniken, déi d’Athleten net ëmmer eleng uwende kënnen", seet d’Julie Bouvy. A wann et méi eescht gëtt, kënnt och den Dokter mat an d'Spill.
Monaco 2027 am Fokus
Fir de François Jehasse ass kloer: "Ech géif dat hei all Joer maachen. D’Stëmmung, d’Organisatioun, d’Zesummenhalt, et ass de perfekte Kader fir Sportskinéen."
2027 gesi mer béid Kinéen zimmlech sécher och am Staff fir d'Spiller 2027 zu Monaco.