Lëtzebuerg kritt eng national Gaardenausstellung

© RTL-Archiv
Et handelt sech ëm ee gemeinsame Projet tëscht dem Landwirtschaftsministère, dem Wirtschaftsministère, der Gemeng Lëtzebuerg an der Fédération horticole.
Déi gréng Ausstellung ass am Joer 2023 op verschiddene Plazen an der Haaptstad virgesinn.
Eng ganz Partie Aspekter ginn zeréckbehalen, dorënner eng Partie Iddien aus der Rifkin-Etude, wéi zum Beispill den "Urban Gardening", donieft sollen d'Liewensmëttelsécherheet an déi gesond Ernärung promouvéiert ginn.
D'LUGA 2023 setzt och op Biodiversitéit an d'Optiméiere vun urbanen Infrastrukturen wéi Parken, Gäert an déi douce Mobilitéit. Et wéilt ee mat dëser Gaardenausstellung ee positiven Image vum Land vermëttelen, souwéi déi kulturell an touristesch Diversitéit vun der Regioun fërderen, heescht et nach am Communiqué vun der Regierung.