Net nëmmen an der Stad ginn d'Dieren op, mee och an der Nordstad, mat hire 5 Gemengen ronderëm Ettelbréck.

Um Dënschdeg goufen déi vill verschidden Projeten an Installatioune virgestallt, déi vu Gaardebau-Experten, Paysagisten an Architekten konzipéiert goufen.

Iwwert en halleft Joer laang kënnen d'Visiteuren déi flottst an apaartst kënschtleresch amenagéiert Sitte kucke goen - sief dat an der Péitruss, um Kierchbierg, wärend der Ettelbrécker Foire Agricole oder och a Clausen am Park Mansfeld an dem Uelzechtdall.

Alles ënnert dem Motto vum "Anti-Gaspi" an der Natur ouni Pestiziden, ënnert anerem mat Gilsdrëffer Lycée Technique Agricole als ee vun den 160 Partner.

Dat sinn ronn 1.000 Evenementer, 100 Parken an iwwer 11 Kilometer laang Parcoursen a Weeër op artistesche Sitten, mee och an Häff am urbane Raum, wéi zum Beispill um Stater Kuebebierg.

D'LUGA ass d'Luxembourg Urban Garden Expo an den Dram vun de Responsabelen ass et natierlech, fir datt all d'Installatiounen, d'Parken an d'Gäert sollen erhale bleiwen - och iwwert d'Dauer vun der LUGA eraus.

Déi grouss Expo mécht wéi gesot a genee engem Joer op an dauert dann iwwer eng 160 Deeg bis Mëtt Oktober 2025.

RTL-Interview mam Ann Muller Luga 2025
RTL