Et ass en urbane Gaart, deen uechtert d’Stad Lëtzebuerg an Ettelbréck installéiert gëtt.

De LUGA steet ënnert dem Motto “rendre visible l’invisible”. Esou gëtt dat siichtbar gemaach, wat een emol aus den Ae verléiert, esou wéi eise Patrimoine, d’Ëmwelt, an och de Klimawandel. Dat gëtt thematiséiert duerch Konscht an och Gäert oder aner Installatiounen, déi mat der Natur verbonne sinn.

Déi zentral Themen sinn den Tourismus, d’Natur, an och d’Inklusioun. Well de LUGA an der Stad aus engem Wee vun 11 Kilometer besteet, deen duerch déi lokal Topographie vill op an of geet, goufen och accessibel Weeër fonnt, fir dass jiddereen d’Ausstellung ka kucke goen.

No der Ausstellung ginn d’Installatiounen erëm ofgerappt a recycléiert, well de LUGA ass nëmmen temporär. 2019 ass d’ASBL gegrënnt ginn.