De Luxembourg Urban Garden, kuerz LUGA genannt, besteet aus verschiddene Chantieren, déi uechter d'Land verdeelt sinn.

Et ass eng Gaardenausstellung an der Stad Lëtzebuerg an zu Ettelbréck, wou Gäert a Konscht kombinéiert ginn.  
 
De LUGA ass ënnert fräiem Himmel a wäert gratis accessibel sinn. D’Organisateure weise sech optimistesch vis-à-vis vu méiglechem Vandalismus. Et géif een op de gudde Wëlle vun de Leit vertrauen.  De Budget wier net grouss genuch fir eng Assurance, ma wann eppes futti gemaach géif ginn, da géif dono gekuckt ginn.

D’Preparatioune vum LUGA lafen den Ament op Héichtouren an dowéinst ginn och elo Visitte fir de Public organiséiert, wou déi verschidden Installatioune virgestallt ginn. Domat soll de Public op de Projet opmierksam gemaach ginn a gläichzäiteg wier et eng Geleeënheet, d’Iddien hannert de verschiddenen Installatiounen ze erklären.

Vu Mee bis Oktober wäert de LUGA op sinn. Duerno ginn d’Materialien erëm recycléiert. D'Beem an d’Blumme ginn dobäi ëmgeplanzt. Dat soll mat esou mann wéi méiglech Offall gemaach ginn. “Mir probéieren, natierlech maximal alles erëm an de Circuit eran ze kréien. Et ass e groussen Defi. Mir maachen eist Bescht”, esou d’Ann Muller, Coordinatrice Générale vum LUGA.

De LUGA steet ënnert dem Motto "rendre visible l’invisible".