D'Stad Lëtzebuerg lancéiert um City Breakfast d' Fréijoerssaison an annoncéiert Renovatiounsaarbechte fir de Site vum Schluechthaus zu Hollerech.

Am Schluechthaus geet de Programm de Weekend vum 29. Mäerz un. Et dierft eng vun de leschte Saisonen an der aktueller Optik vum Site ginn, dee soll nämlech an Zukunft komplett iwwerdaacht ginn. Fir sech do iwwert méiglech Materialien z‘ informéieren, hätt ee sech am Ausland berode gelooss. D‘Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer rechent bis de Summer mat engem Avant-Projet, soudass een dee Moment weider Detailer gi kéint. Et wier awer kloer, dass de Site zu kengem Moment ganz zou géing goen, esou dass och wärend de Bauaarbechten Evenementer wieren. Dee Beräich soll fënnef Mol esou grouss gi wéi den aktuelle Skatepark.

Vum 4. bis de 27. Abrëll ass da bei der Gëlle Fra "Fréijoer op der Gëlle Fra", wou eng ganz Rëtsch Concerten organiséiert ginn, awer och Catering an eng Petanque-Pist.

Pop-up-Stores sinn e "Succès"

Den éischte Schäffe Maurice Bauer huet dann och e Bléck op d‘Stater Geschäftswelt gehäit: No enger Entrevue mam Geschäftsverband wier ee mat der aktueller Situatioun ganz zefridden. D‘Stad hält um Konzept vun de Pop-up-Store fest. Néng huet een der, aktuell leeft eng Ausschreiwung fir e Lokal an der Rue Origer. Bis den 11. Abrëll kéinten intresséiert Entrepreneuren do hir Kandidatur stellen. Dass d‘Stad keng Geschäfter hale kéint an dofir misst verstäerkt op Pop-Ups zeréckgräifen, dat léisst de Maurice Bauer net gëllen.

Si hätten e Succès-Quote vu 27 Prozent u Geschäftsleit, déi sech duerno géifen um fräie Marché etabléieren. D’Stad freet 650 Euro Loyer, plus 280 Euro Chargen de Mount fir e Pop-Up-Store. Domat léich ee wäit ënnert dem Marchéspräis. 
 
En vue vun der Luga, déi de 7. Mee ugeet, hätt d‘Stad e Concours fir d’Geschäftsleit lancéiert, fir d‘Vitrinnen ze dekoréieren, dat alles ënnert dem Slogan "Luxembourg in Bloom". Ze gewanne géif et e Präis vun 2.000 Euro.

Remembrement Bauprojet "Arquebusiers" ofgeschloss

De Bauprojet "Arquebusiers" huet d‘Stad iwwert laang Jore beschäftegt: Hei sinn iwwer 400 Wunnenge geplangt op enger Surface vu 14 Hektar um Belair. 15 Proprietären hu sech do missen eens ginn. D’Stater Buergermeeschtesch ass optimistesch, dass geschwënn den éischte Spuedestéch ka gemaach ginn: De Remembrement wier ofgeschloss, de PAP wier duerch all d’Etappen duerch an d’Etüde wieren all gemaach.