Op der Maartplaz an am Däich ass een awer sou lues op der Ligne droite.

Wien am Moment zu Ettelbréck ënnerwee ass, leeft gefillt vun engem Chantier an deen aneren. Sief et op der Gemengeplaz, op der Maartplaz oder am Däich. Deels sinn d'Aarbechte schonn zanter méi wéi annerhallwem Joer amgaangen. Ma et ass awer Liicht um Enn vum Tunnel en vue. Op mannst zwee Chantiere sollen an deenen nächste Woche fäerdeg ginn. Dat huet deels och domadder ze dinn, datt an engem Mount d'Expositioun Luxembourg Urban Garden, kuerz LUGA, ufänkt, déi nieft der Stad och zu Ettelbréck organiséiert gëtt. De Marc Hoscheid war sech ee Bild vun de Chantieren zu Ettelbréck maachen.
 
Ugefaange op der Gemengeplaz an dem Parking bei der Kierch, wou déi ënnerierdesch Infrastrukturen erneiert ginn. Dono soll d'Plaz méi gréng ginn, ouni, datt Parkplaze verluer ginn. Tëscht der Gemeng an dem ale Paschtoueschhaus entsteet iwwerdeems ee Passage fir déi douce Mobilitéit.
E puer Honnert Meter weider, op der Place Marie-Adelaide, ginn och d'Aarbechte weider. Enn 2023 war nach quasi déi komplett Plaz opgerappt, well och hei villes ënnert dem Buedem erneiert gouf. Aktuell sinn d'Aarbechten um Pavillon, wou ee Restaurant drakomme soll, zimmlech wäit. An zwee Méint solle se zum gréissten Deel ofgeschloss sinn. Schonn an engem Mount soll d'Spillplaz nieft dem Pavillon fäerdeg sinn. Duerch de Reamenagement, dee 6 Milliounen Euro kascht, si vun den 100 Parkplazen der 45 verschwonnen. Dat wier am Ufank net bei jidderengem gutt ukomm, ma déi Gemengeresponsabel verweisen op de Parking am Däich.
 
De Bob Steichen, Ettelbrécker Buergermeeschter:
"Do gëtt et eigentlech ëmmer eng Méiglechkeet, eng Parkplaz ze fannen. An da muss een einfach soen, mir sinn awer eng kleng Stad, vum Däich bis déi aner Säit vun Ettelbréck ass et 1 Kilometer zu Fouss, mol net, deemno wou een higeet. An d'Foussgängerzone, da kritt ee mol kee Kilometer. Dat ass also eng Distanz, déi zum Gléck sou ze maachen ass. An doduerch war d'Iwwerleeung, datt een hei eigentlech e bëssi méi Plazcharakter kritt, e bëssi méi Openthaltsqualitéit kritt, well dat dann awer och rëm eng Plus-value fir alles ronderëm mat sech bréngt."
 
Dat wier och eng Demande gewiescht, déi bei enger Biergerbedeelegung erauskomm wier. 
 
Och am Däich gëtt aktuell geschafft. Virun der Däichhal goufe méi wéi 250 Parkplazen ewechgeholl an d'Plaz gëtt am Kader vum Interreg-Projet Cool Neighbourhoods nei amenagéiert.
 
"Et gëtt eng Gréngplaz, déi och am Kader vun der LUGA reamenagéiert gëtt. Hei op dës Plaz kënnt wärend deene 6 Méint vun der LUGA ee Pavillon hin, wou d'Leit Informatioune kréien a wou och verschidde Manifestatioune ronderëm d'LUGA wäerte sinn. D'Haaptplaz an der Mëtt gëtt u sech ee Schotterrasen, dat heescht se ka gutt benotzt gi fir d'Foire agricole oder soss Events, déi hei kënne stattfannen."
 
D'Aarbechte kaschten d'Gemeng um Enn knapp eng Millioun Euro. Duerch d'Ewechfale vun de Parkplaze wier d'Parkhaus elo iwwerdeems besser ausgelaascht. Un normalen Deeg wieren 300 vun de gutt 500 Plaze besat.
 
Am Kader vun der LUGA gouf och d'Ufer laanscht d'Uelzecht nei gestallt a fir d'Leit méi zougänglech gemaach. Hei soll ee Parkareal am Zentrum vun Ettelbréck entstoen. Dozou wäerten ee Kiosk an eng Mini-Golf-Anlag gehéieren. De Start vun der LUGA ass iwwregens de 7. Mee.