Mam Fréijoer fänkt zu Lëtzebuerg net just d‘Natur un opzebléien, ma och den Tourismus.

De Weekend no Ouschteren ass den offiziellen Optakt vun der Summercampagne "Lëtzebuerg, dat ass Vakanz". Dëst Joer soll virun allem op Aktivitéiten an der Natur gesat ginn. Zu de beléiftsten Attraktiounen zu Lëtzebuerg gehéieren nach ëmmer de Beetebuerger Park, d‘Veianer Schlass, d'Kasematten an de Mëllerdalltrail. Doriwwer eraus sollen awer och nei Attraktiounen d‘Touristen, awer och d‘Awunner, unzéien.

Optakt vun der Tourismus-Saison / Reportage Chris Meisch

Zu Lëtzebuerg geet d‘Tourismus-Saison traditionell vun Abrëll bis September. An awer geet et och am Wanter gutt virun. Een Drëttel vun den Touriste besichen de Grand-Duché tëscht Oktober a Mäerz. Zejoert waren et am Ganze ronn 1,5 Milliounen Visiteuren, esou de CEO vu Luxembourg for Tourism, de Sebastian Reddeker.

"Dat heescht 3,6 Milliounen Iwwernuechtungen, wat relativ vill ass. Mir haten ee ganz ganz gutt Joer. Mat 40.000 Beschäftegten am Tourismus ass et zwar eng kleng Branche d‘activités, mee eng wichteg. An ech denken, wat och interessant ass, wa mir d‘Ausgabeverhale vun de Leit kucken: am Duerchschnëtt sinn et 190 Euro, déi ee Client pro Nuecht hei léisst, wann een dat emol eroprechent op 3,6 Milliounen Iwwernuechtungen, kënnt een op eng ganz zolidd Zomm."

Freides no Ouschteren ass den offiziellen Optakt vun der Summercampagne "Lëtzebuerg, dat ass Vakanz". Dee Weekend ginn dann an der Stad op der Plëss Stänn opgeriicht, wou een iwwert déi sëlleg touristesch Offeren aus alle Regioune vum Land informéiert gëtt.

"Doriwwer eraus hu mir dëst Joer och 2 Highlighten national gesinn, dat éischt ass LUGA – Luxembourg Urban Garden, déi vu Mee bis an den Hierscht an der Stad an zu Ettelbréck wäert sinn. Mee mir hunn awer och, an dat gëtt heiansdo vergiess, 40 Joer Accord de Schengen. Dat ass fir eis och ganz wichteg, well ganz vill Clientë verbanne mat Lëtzebuerg en oppent Land, wat fir Europa an oppe Grenze steet."

D‘Summercampagne huet all Joer en anere Sujet. Zejoert louch de Fokus op der Kultur. Dëst Joer op der Natur. Zanter der Corona-Pandemie leeën d‘Leit vill méi Wäert op d‘Aktivitéiten dobaussen, esou de Sebastien Reddeker. Deementspriechend hätt een d‘Offer vergréissert.

"Fir dëst Joer steet nieft LUGA a Schengen am Fokus och eis Wanderoffer, do gouf vum Ministere ganz vill investéiert. Mee donieft och Kulinarik an eis Buergen, déi och vu ville Clienten ee ganz groussen Atout vun der Destinatioun sinn. Doniewent, wat ass nei, mir hunn nei Hoteller, déi wäerten dëst Joer opgoen. Ech mengen, dat wäert eis Capacitéiten erëm erweideren an Attraktivitéit fir eis Clientë bäisteieren."

65% vun den Touriste iwwernuechte prioritär an Hoteller. A ronn 20% op Campingen. Hei gëtt zanter Jore konsequent investéiert, fir d‘Offer méi intressant ze maachen, esou nach de Generaldirekter vu Luxembourg for Tourism, de Sebastian Reddeker.