An dräi Wochen ass et esou wäit, an de Luxembourg Urban Garden ass offiziell op fir de Public.

Mat Gaardenausstellungen uechtert d'Stat Lëtzebuerg an Ettelbréck gëtt et eng Rei Gäert a kënschtleresch Installatiounen, déi ee sech gréisstendeels gratis kann ukucken.

Bei der Fondation Pescatore hëlt d'Ausstellung Form esou lues Form un: zesumme mat der Fédération Horticole Luxembourgeoise gouf eng Kombinatioun vu verschidde klengen Installatiounen opgebaut, wéi ënner anerem e Geméisgaart an en "Kunstklassenzimmer".

D'Viraussetzunge fir d'Aarbechte ware bis elo ideal an et hätt och alles gutt geklappt. Bei esou Installatioune mussen nämlech Reglementatioune respektéiert ginn: d'Fundament muss stabil sinn, däerf awer net méi déif ewéi 25 Zentimeter an de Buedem goen. Et däerf och net mat Bëtong geschafft ginn. Doriwwer eraus schaffe si mat zertifiéiertem Holz aus Europa.

Nieft der Ausstellung ginn dann och eng Partie kleng Evenementer organiséiert, mat zum Beispill och Workshoppe fir Grouss a Kleng, mä och Konferenzen an Spektakelen, déi mat Gäert ze dinn hunn. Et kann een do awer och einfach just déi flott Ambiance an d'Natur genéissen.