De Jean-Claude Hollerich am Portrait
21 Joer laang huet de Jean-Claude Hollerich a Japan gewunnt. Hie war Missionar, huet dunn als Professer op der Uni geschafft.
2011 huet de Poopst Benoit XVI. hien zréck op Lëtzebuerg geruff. Zréck am Grand-Duché gouf hien den 8. Bëschof an den 3. Äerzbëschof vu Lëtzebuerg.
D'Decisioun, datt de Jean-Claude Hollerich als éischte Lëtzebuerger un engem Konklav deelhëlt, ass den 1. September 2019 gefall. Deen Dag huet nämlech de Poopst Franziskus d'Nimm vun 13 neie Kardineel virgelies. Just 5 Wochen drop war déi feierlech Zeremonie am Péitersdoum, wou de Lëtzebuerger zesumme mat den 12 anere Geeschtlechen zum Kardinol ernannt gouf.
De Jean-Claude Hollerich gëllt an der Kierch als éischter progressiv. Hie kéint sech zum Beispill virstellen, fir d'Zölibat opzelackeren, esou datt och bestuete Männer kéinte Paschtouer ginn.
Am Vatikan huet de Lëtzebuerger e gewëssenen Afloss. Bei der leschter Weltsynode huet de Jesuit eng zentral Roll gespillt. Als sougenannte Generalrelator huet hie bei Meenungsverschiddenheeten tëscht de Parteie vermëttelt. An den internationale Medie gëtt hien dowéinst zu de Favoritte gezielt.