"D'Kierch ass kee Konsumente-Club"
De Lëtzebuerger Kardinol war eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Géint Recht op Ofdreiwung an der Verfassung
Fir de Kardinol Jean-Claude Hollerich wär et en trauregen Dag an der Lëtzebuerger Geschicht, wann d'Recht op Ofdreiwung an der Verfassung vu Lëtzebuerg géif verankert ginn. Dat sot hien als Invité an eiser Emissioun Background am Gespréich. Den Artikel mat der kompletter Ausso iwwer dëse Sujet fannt Dir hei.
Kardinol bedauert eegent Verhalen nom Caritas-Skandal
D'Refugiéen an d'Kricher belaaschten de Kardinol Jean-Claude Hollerich aktuell. Awer och d'Enn vun der Caritas. Dat sot de Jesuit an eiser Emissioun Background. D'Organisatioun wär awer Affer an net Täter vun engem Bedruch ginn, wollt de Jean-Claude Hollerich ënnersträichen.
Hien huet kritesch drop zeréckgekuckt, wéi hie selwer als Spëtzt vum Äerzbistum reagéiert huet, wéi de Bedruch opgeflu war am Summer virun engem Joer. Hien huet d'Revelatiounen, déi den 100,7 an hirem Podcast iwwer de Caritas-Skandal verëffentlecht hat, deels confirméiert. Och wat d'Chronologie vun der Affär ugeet. Hie wosst wuel éischter iwwer de Bedruch Bescheed, ewéi hien a senger éischter Reaktioun am Summer 2024 zouginn hat. Allerdéngs héchstens duerch kuerz Matdeelungen, och wärend enger Zäit an där hien deels am Benin gewiescht wär. Aus deene kuerze Messagen hätt de Jean-Claude Hollerich awer net vill Wësse kënnen zéien.
An effektiv hätt hien och de 25. Juli zejoert d'Demissioun vum Verwaltungsrot vun der Caritas gefuerdert, déi Demande awer duerno nees zeréckgezunn, well him erkläert gi wär, dass dat schlecht wär, well da kee méi do wär, fir sech ëm d'Gestioun vun der Caritas nom Skandal ze bekëmmeren. A jo, hien hätt um Bord vun engem Gespréich mam Premier Luc Frieden mat him och kuerz iwwer d'Caritas geschwat.
Haut géif de Kardinol soen, dass hie méi aktiv hätt kënne ginn, fir selwer nozefroe wat genee geschitt war.
Seng asiatesch Haltung vum Ofwaarden an d'Net-stéiere wär deemools net ugesot gewiescht, gëtt hien zou, och wann eng aner Approche senger Meenung no näischt geännert hätt. Mä d'Kierch hätt an der Ëffentlechkeet besser do gestanen. De Jean-Claude Hollerich huet och bedauert, dass d'Kierch d'Caritas net finanziell konnt retten. No der Trennung vu Kierch a Staat wär an de Keese vum klenge Bistum wéineg Spillraum.
Bottom-up: Kierch a finanziellen Enkpäss
D'Kierch zu Lëtzebuerg soll changéieren, huet de Kardinol annoncéiert. Déi Gedeefte solle kënne méi Responsabilitéit iwwerhuelen. Et soll net méi vun uewen no ënnen verwalt ginn, mä vun ënnen erop matdecidéiert ginn, esou huet de Jean-Claude Hollerich déi synodal Approche erkläert, déi elo soll ëmgesat ginn, fir d'Kierch ze beliewen. D'Kierch wär allerdéngs och kee Konsumenteclub. D'Memberen hätten deemno och eng gewëss Flicht matzehëllefen. A well de Bistum finanziell ugeschloen ass, kënnt ee fréier oder spéider net dolaanscht vu senge Memberen e finanzielle Bäitrag ze froen, wéi dat an anere Länner scho laang Usus wär, esou de Jean-Claude Hollerich.
De Kardinol confirméiert, dass aus Käschtegrënn an Zukunft nach weider Kierche vun den aktuell nach 140 wäerte mussen ofgestouss ginn. A fir déi Leit, déi op hir Kierch am Duerf halen, huet de Geeschtlechen e klore Message: "Da musst dir och heiansdo an d'Kierch goen, léif Leit". Déi Ausso huet hien op Nofro hin awer relativéiert: Jo, d'Offer misst och besser ginn an d'Liturgien méi aktuell. D'Leit misste sech dran erëmfannen.
Eng 100 Salariéen huet d'Kierch nach. Fir deenen hir Paien ze bezuelen, sinn d'Immobilie wichteg déi dem Bistum gehéieren. Deen agéiert entretemps als Promoteur. De Jean-Claude Hollerich bedauert, dass een d'Wunnengen net all fir e soziale Loyer ka verlounen. Vun iergendwou missten d'Suen eben hier kommen.
Pro Monarchie
De Kardinol hat vill Luef iwwereg fir de Lëtzebuerger Premier a Minister vun de Kulte Luc Frieden. Den CSV-Politiker wär ganz intelligent a géif d'Wichtegkeet vun der Relioun fir d'Gesellschaft verstoen.
Och mam Grand-Duc Henri a sengem Successeur Guillaume huet de Kardinol eng gutt Relatioun. Allebéid wäre si déif reliéis, erkläert de Jean-Claude Hollerich, ouni awer d'Relioun an hire Glawe mat hirem Amt ze vermëschen.
Och mat der Grande-Duchesse Maria Teresa hätt hien eng gutt Relatioun.
Iwwerhaapt huet hie sech kloer als Frënd vun der Monarchie geäussert, well se dem Land Stabilitéit géif ginn. Ouni déi Stabilitéit géif et dem Jean-Claude Hollerich no Richtung Rietsextremismus goen.
Konklav: eng gutt Erfarung
Dem Jean-Claude Hollerich no konnt ee sech scho virum eigentleche Konklav denken, wie Pontifex géing ginn.
De Poopst Leo wär een, dee gutt vermëttele kéint tëscht konservative Positiounen a méi progressiven, ewéi hie se selwer géing vertrieden.
De Konklav wär eng gutt Erfarung gewiescht, ma de Lëtzebuerger Kardinol war frou, dass et just véier Duerchgäng gebraucht huet, bis de wäissen Damp am Vatikan ze gesi war.
Hie selwer hätt sech wéinst senge klore Positioune keng Hoffnunge gemaach, Pontifex ze ginn. Hien hätt dat och guer net gewollt gehat, esou de Jean-Claude Hollerich, deen duerchaus u seng Pensioun denkt. Wéinst senger Gesondheet a sengem Alter géif iergendwann d'Zäit kommen, fir ofzetrieden, esou de Kardinol.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.