An engem Facebook-Post vun der Grande-Duchesse weist sech d'Koppel op hire Liblingsplazen am Land.

Sou zum Beispill an de Wéngerten op der Musel, op der Corniche an der Stad, um Schlass zu Veianen oder am Mëllerdall.

"Dat si Plazen, déi dem Grand-Duc an der Grande-Duchesse besonnesch wichteg sinn a wou si gäre roueg a vertraut Momenter verbréngen", heescht et am Post.