D'Halleffinalle sti fest

© Val Wagner
Bei der Coque um Kierchbierg gëtt et esou lues eescht beim "Queen & King of the Court".
E Freideg si beim Beachvolleyball-Event d'Véierelsfinalle gespillt ginn.
An der éischter Halleffinall (12.30 Auer) bei den Häre sinn dës Koppele mat dobäi: Krattiger & Breer, Losiak & Bryl, Bercik & Němec, Trummer & Dressler an Aye & Aye.
An der zweeter Halleffinall (15.40 Auer) kréien et folgend Duoe mateneen ze dinn: Wickler & Ehlers, Gauthier-Rat & Krou, Kantor & Zdybek, Popov & Reznik a Perušič & Schweiner.
LINK: Hei fannt Dir d'Resultater vun den Hären
Et qualifizéiere sech 5 Ekippe fir d'Finall. Dës ass fir 20 Auer ugesat.
Bei Dammen treffen an der éischter Halleffinall (11 Auer) dës Koppelen openeen: Tillmann & Müller, Gruszczynska & Wachowicz, Placette & Richard, E. Piersma & M. van Driel a Klinger & Klinger.
Den Ticket fir déi zweet Halleffinall (14.15 Auer) hu folgend Duoe geléist: Havelková & Sluková, Samoilova & Graudina, Ludwig & Lippmann, Helland-Hansen & Olimstad a B. Piersma & E. van Driel.
LINK: Hei fannt Dir d'Resultater vun den Dammen
D'Finall vun den Dammen ass fir 18.30 Auer ugesat.
Vun 11 Auer u kënnt Dir e Samschdeg all d'Matcher am Livestream op RTL.lu suivéieren.
Hei fannt Dir all d'Artikelen iwwert d'Event.