Mam Ufank vum Hierscht geet och d'Saison am Golf lues a lues op en Enn. D'Lëtzebuerger Golf-Federation (FLG) huet elo de Bilan gezunn.

Virun allem bei den Damme fält de Bilan deemno "immens positiv" aus. D'Ziler sollen an der leschter Saison souguer iwwertraff gi sinn, heescht et am Communiqué vun der Federatioun. No der historescher Victoire beim European Leadies Team Shield Championship am Juli ass et fir d'Damme vum Golf-Club Grand-Ducal fir den Ofschloss ëm d'European Ladies Club Trophy gaangen, dem europäesche Championnat vun de Club-Championen. Um Parcours an der Slowakei gouf et tëscht dem 2. an dem 4. Oktober eng gutt 11. Plaz am Schlussklassement. Erausgestach huet dobäi d'Ella Miserini, déi mat engem Score vun 78-72-72 op déi 9. Plaz vu 54 Spillerinnen an der Eenzelwäertung komm ass.

Den 23. a 25. Oktober sinn dann nach eng Kéier d'Häre vum Golf-Club Grand-Ducal bei der European Men's Club Trophy gefuerdert, déi zu Bordeaux a Frankräich ausgedroe gëtt.