E Samschdeg huet den Tour de France ugefaangen. Op der éischter Etapp ass et iwwer 185km vu Lille op Lille gaangen.

De Jasper Philipsen ass den éischte Mann a Giel beim Tour de France 2025. Op der éischter Etapp, déi vu vill Wand gepräägt war an de Coureuren d'Liewe schwéier gemaach huet, huet sech de Belsch zu Lille no 185 Kilometer am Sprint souverän virum Biniam Girmay aus Eritrea an dem Soren Waerenskjold aus Norwegen duerchgesat.

Am General huet de Philipsen eng Avance vu véier Sekonnen op de Girmay a sechs Sekonnen op de Waerenskjold.

Tour de France - 1. Etapp (Resumé)
De Jasper Philipsen huet déi éischt Etapp vum Tour de France 2025 gewonnen. Tëscht de Favoritte gouf et éischt Ofstänn.

D'Echappée vum Dag war scho ronn 100 Kilometer virun der Arrivée agefaange ginn. Duerno huet een d'Sprinterekippe fir am Peloton gesinn, déi fir Tempo gesuergt hunn. Ronn 20 Kilometer virun der Arrivée gouf de Peloton duerch de Wand eng weider Kéier auserneegerappt. Eng knapp 40 Coureure ware vir nëmmen nach mat dobäi a sinn ëm d'Victoire gefuer. Um Enn hat de Jasper Philipsen déi beschte Been.

Tour de France: 1. Etapp - leschte Kilometer am Replay
De Jasper Philipsen huet zu Lille déi éischt Etapp gewonnen an ass domadder och a Giel.

Evenepoel a Roglic verléieren Zäit

Zäit verluer hunn um 1. Dag schonn zwee Favoritten op d'Schlussvictoire. De Remco Evenepoel an de Primoz Roglic haten de Sprong an den éischte Grupp verpasst a si mat engem Retard vun 39 Sekonnen op Tadej Pogacar a Jonas Vingegaard iwwer d'Arrivée gefuer.

Op der éischter Etapp hunn och dräi Biergwäertungen op d'Coureure gewaart. Déi meescht Punkten huet sech de Benjamin Thomas geséchert, deen domadder e Sonndeg am Trikot vum beschte Biergfuerer dierf starten. Den Thomas huet sech awer och eng méi kuriéis Chute geleescht an dat um Enn vun der zweeter Kopp vum Dag. Op Pawee ass him d'Rad ewechgerutscht an hien huet säi franséische Landsmann Mattéo Vercher mat op de Buedem gerappt.

Net méi mat dobäi sinn iwwerdeems de Filippo Ganna an de Stefan Bissegger. Si hunn no Chutte missen opginn.

Tour de France: 1. Etapp (Replay)
De Jasper Philipsen huet sech am Sprint behaapt. Evenepoel a Roglic hu well Zäit op Pogacar a Vingegaard verluer.

Hei fannt Dir de kompletten Dossier vum Tour de France mat Artikelen, Resultater, Videoen, Fotoen an engem Quiz mat flotte Präisser.

D'Klassement vun der 1. Etapp an de General