Am Sprint hat den Hollänner méi séier Bee wéi den Tadej Pogacar. Déi längst Etapp bei dësem Tour de France war immens hiwweleg a vu ville Chutte gepräägt.
No 209 Kilometer vu Lauwin-Planque op Boulogne-sur-Mer gouf et eng Victoire vum Mathieu van der Poel am Sprint. Dëse gouf eréischt eng 400 Meter virun der géier Arrivée lancéiert.
Déi zweet Etapp hat et mat véier klenge Koppe vun de Kategorien 3 a 4, awer mat sauere Montéeën a sech. Och d'Wieder war e Sujet bei dëser Etapp. Am Ufank an och an der Mëtt vun der Course huet de Reen de Coureuren zougesat, laanscht d'Mier hate si och mam Wand ze kämpfen. Ausserdeem koum et zu ville Chutten.
Eng Echappée mat véier Coureuren hat sech fréi ofgesat, gouf awer 52 Kilometer virun der Arrivée nees agefaangen. Och duerno hu verschidde Coureuren et op eege Fauscht probéiert, mee et koum ëmmer nees zu Regroupementer.
An der Montée op d'Arrivée zu Boulogne-sur-Mer hunn eng hallef Dose Fuerer d'Victoire am Sprint ënnert sech ausgemaach. Hei war de Mathieu van der Poel méi séier wéi den Tadej Pogacar an de Jonas Vingegaard. Mat dëser Victoire iwwerhëlt den Hollänner och de Maillot Jaune. De Pogacar ka sech awer iwwer de Biergtrikot freeën. De Jasper Philipsen dierf de grénge Maillot vum beschte Sprinter behalen.
E Méindeg steet eng flaach Etapp vu Valenciennes op Dunkerque iwwer 178 Kilometer um Programm.
D'Klassementer vun der Etapp an de General