Op der 3. Etapp vum Tour de France goung et iwwer flaach 178,3 Kilometer vu Valenciennes op Dunkerque.

D'Coureuren hunn et e Méindeg roueg ugoe gelooss. Et goufen an der Ufanksphas vun der Etapp keng Attacken. D'Vitess war och net immens héich. De Peloton gouf vun de Sprinterekippe kontrolléiert. Ronn 60 Kilometer virun der Arrivée, kuerz virum eenzegen Tëschesprint vum Dag, war de Jasper Philipsen am Grénge Maillot an eng schwéier Chute verwéckelt. De Belsch gouf laang behandelt, huet doropshin awer missen opginn.

Tour de France – 3. Etapp (Resumé)
Den Tim Merlier konnt sech am Sprint zu Dunkerque duerchsetzen.
Tour de France: 3. Etapp - Chute vum Jasper Philipsen
De Belsch ass ronn 60 Kilometer virun der Arrivée, kuerz virum eenzege Tëschesprint vum Dag, gefall.

Fir de Schluss vun der Etapp war Géigewand gemellt. Doduerch huet sech d'Motivatioun vun de Coureuren, fir aus dem Peloton erauszefueren, a Grenze gehalen. 37 Kilometer virun der Arrivée huet awer den Tim Wellens säi Gléck probéiert. De Belsch krut op der Côte de Cassel deen eenzege Punkt vum Dag am Biergklassement an iwwerhëlt domadder de Maillot à Pois vum Tadej Pogacar.

Ronn 25 Kilometer viru Schluss huet de Peloton den Tim Wellens awer rëm agefaangen. Et koum zu engem Massesprint. An der Schlussphas goufen et weider Chutten. Op der Arrivée krut du jiddereen déi selwecht Zäit gutt geschriwwen. Um Enn hat den Tim Merlier am Foto-Finish déi séierste Been virum Jonathan Milan.

En Dënschdeg geet et op der 4. Etapp iwwer wallonnéiert 174,2 Kilometer vun Amiens Métropole op Rouen.

Tour de France: 3. Etapp - leschte Kilometer am Replay
Den Tim Merlier wënnt am Sprint zu Dunkerque.

D'Klassementer vun der Etapp an de General