Op der 4. Etapp vun der Grande Boucle goung et iwwer wallonnéiert 174,2 Kilometer vun Amiens Métropole op Rouen.

Tour de France: 4. Etapp (Resumé)
Tadej Pogacar feiert seng 100. Victoire a senger Profi-Karriär.

Den hiwwelege Parcours duerch den Norde vu Frankräich war predestinéiert fir eng Echappée. Scho fréi hat sech ee Grupp vu 4 Coureuren ofgesat, déi sech eng Avance vu ronn 2 Minutten erausfuere konnten. Ronn 50 Kilometer virun der Arrivée goufen et eng Rei Chutten. De Peloton huet an der Suite den Tempo verschäerft, krut d'Avance op d'Echappée awer nëmmen op ronn eng Minutt verkierzt.

An deene leschten 30 Kilometer hat de Parcours nach déi eng oder aner Schwieregkeet. Een Tëschesprint wéi 4 Collen, dovun zwee vun der drëtter an zwee vun der véierter Kategorie, haten d'Coureure viru sech. D'Vitess am Peloton ass nach eng Kéier geklommen. Aus der Echappée eraus konnt nëmmen de Lenny Martinez resistéieren.

Ronn 25 Kilometer virun der Arrivée gouf et eng gréisser Chute mat 10 Coureuren am Peloton. Déi huet de Spëtzegrupp nach eng Kéier an d'Längt gezunn. Puer Amenter méi spéit gouf de Lenny Martinez dunn agefaangen. An der Schlussphas hunn d'Ekippe vum Tadej Pogacar a vum Jonas Vingegaard den Tempo forcéiert. Ronn 5,5 Kilometer viru Schluss hunn déi Zwee an der Rampe Saint-Hilaire attackéiert. De Grupp hannendru ronderëm de Leader am General, de Mathieu Van der Poel, an de Remco Evenepoel sinn awer nach eng Kéier erukomm. D'Victoire huet missen am Sprint decidéiert ginn. Um Enn hat den Tadej Pogacar déi séierste Been. Et ass dem 26 Joer jonke Slowen seng 18. Victoire vun enger Etapp am Tour de France an insgesamt seng 100. Victoire a senger Profi-Karriär.

Am General bleift de Mathieu van der Poel am Maillot Jaune. Den Hollänner ass awer elo zäitgläich virop mam Tadej Pogacar. De Jonas Vingegaard huet 8 Sekonne Retard.

E Mëttwoch steet op der 5. Etapp een Zäitfueren iwwer 33 Kilometer zu Caen um Programm.

Tour de France: 4. Etapp - Leschte Kilometer am Replay
Tadej Pogacar feiert seng 100. Victoire a senger Profi-Karriär
Tour de France: 4. Etapp (Replay)
Tadej Pogacar feiert seng 100. Victoire a senger Profi-Karriär. Mathieu van der Poel bleift a Giel.

D'Klassementer vun der Etapp an de General