Déi fënneft Etapp vun der Grande Boucle war e Contre-la-montre iwwer 33 Kilometer vu Caen zréck op Caen. Neie Maillot Jaune ass den Tadej Pogacar.
Vun de Favoritten op den Etappe-Succès ass de Remco Evenepoel als éischten op d‘Streck gaangen. De Weltmeeschter am Contre la Montre hat bei der éischter Tëschenzäit no 8,2 Kilometer awer ee Retard vun zwou Sekonnen op d'Beschtzäit vum Australier Luke Platt.
De Jonas Vingegaard hat bei der éischter Tëschenzäit e Retard vun 22 Sekonnen. Den Tadej Pogacar hat just 4 Sekonne Réckstand, an de Maillot Jaune Mathieu van der Poel 30 Sekonnen op de Luke Platt. Den Hollänner huet säi Maillot Jaune no dësem Zäitfuere verluer.
No 16,4 Kilometer hat den Evenpoel 8 Sekonne Retard. Bei der drëtter Tëschenzäit hat de Belsch awer 11 Sekonnen Avance op den Edoardo Affini, dee bis dohinner de séierste war. De Remco Evenepoel gewënnt um Enn déi 5. Etapp mat enger Avance vu 16 Sekonnen op den Tadej Pogacar, an 33 Sekonnen op den Edoardo Affini. Den Evenepoel ass eng Moyenne vu 54 Kilometer an der Stonn gefuer op deenen 33 Kilometer vum Parcours.
De Jonas Vingegaard ass de grousse Verléierer vum Contre la Montre. Den Dän hat als 13. ee Retard vun 1 Minutt an 21 Sekonnen op den Evenpoel.
Am Maillot Jaune ass elo den Tadej Pogacar. De Sloween huet am Generalklassement 42 Sekonnen Avance op de Remco Evenpoel, an 59 Sekonnen op de Fransous Kévin Vauquelin.
Fir déi Coureuren, déi zu Paräis am General wëlle gutt placéiert sinn, war et op der 5. Etapp wichteg, esou mann wéi méiglech Zäit ze verléieren respektiv esouguer Zäit gutt ze maachen.
Déi 33 Kilometer laang Streck war praktesch komplett flaach. Et war also net néideg, wéi een dat an der Vergaangenheet scho gesinn huet, datt de Vëlo huet musse gewiesselt ginn, well eng méi schwéier Montée am Parcours mat dra war. D‘Meteo huet och matgespillt. Ideal Konditioune fir ee Contre la Montre.
Op der 13. Etapp wäert dann deen zweeten Exercice géint d'Zäit um Programm stoen. Bei deem geet et iwwer 10 Kilometer, vu Loudenvielle erop op Peyragudes, duerch d'Pyrenäen.
D'Klassementer vun der Etapp an de General