
© Anne-Christine POUJOULAT / AFP
Bonifikatiounen, giel Kaarten, Doppingkontrollen, a wouhi mat den eidele Bidonen? An der Grande Boucle ass alles genee reglementéiert.
Bonifikatiounen:
Beim Tour de France ginn et op der Arrivée vun all Etapp Zäitguttschrëften. Déi éischt 3 Coureure kréien 10, 6 a 4 Sekonne guttgeschriwwen.
Arrivéeën:
Wann e Fuerer op de leschten dräi Kilometer vun enger Etapp fält, en technesche Problem oder e Platten huet, kritt hien d'Zäit vun deene Cycliste guttgeschriwwen, déi mat him zu deem Zäitpunkt ënnerwee waren.
Kann e Fuerer wéinst enger Chute an dëser Zon net méi d'Arrivée erreechen, gëtt hien op déi lescht Plaz vun der Etapp gesat, kritt awer trotzdeem d'Zäit vu senge Begleeder zum Zäitpunkt vum Accident. Bei Sprintetappe kann déi Reegel och op 5 Kilometer ausgedeent ginn. Dës Reglementer gëllen net fir d'Zäitfueren an d'Arrivéeën op den Etappen 2, 6, 7, 10, 12, 14, 16, 18 an 19.
Giel Kaarten:
De Weltverband vum Cyclissem UCI huet fir dëst Joer d'Aféiere vu giele Kaarte beschloss bei professionelle Coursse vu Fraen a Männer. Kommissäre kënnen déi Verwarnungen fir all Vergoe vu Fuerer, Sportdirekteren oder aner un der Course bedeelegte Persounen ausstellen, déi e Risiko fir d'Sécherheet vun der Kompetitioun duerstellen. Wien an der selwechter Course zwou giel Kaarte kritt, gëtt disqualifizéiert a fir siwen Deeg gespaart.
Doppingkontrollen:
De Gewënner vun der Etapp, de Leader am General an op d'mannst 5 weider Fuerer ginn no all Etapp getest. Dobäi kommen zousätzlech, net ugekënnegt Kontrollen.
Reegelverstéiss:
Et besteet absolut Helmflicht, och bei den Arrivéeën um Bierg. Hält e Cyclist sech ze laang am Wandschied vun engem Gefier op, kann dat mat enger Geld- oder mat enger Zäitstrof beluecht ginn. Dat selwecht gëllt, wann e sech undrécken oder zéie léisst. Bei Pannen ass just d'Hëllef vu Betreier oder Kolleegen aus der eegener Ekipp erlaabt.
Verfleegung:
Fréistens 30 Kilometer nom Depart a spéitstens 20 Kilometer virun der Arrivée dierf aus den Autoe vun den Ekippe Verfleegung verdeelt ginn. Dobäi kënnt op ongeféier der Hallschent vun der jeeweileger Etapp eng extra ageriichten Zon, fir Iessen an Drénke mat op de Wee ze kréien. Fir d'Entsuergung vu Bidonen a Verpakungen ginn et besonnesch Zonen - beim Entsuerge baussent dëse Beräicher ginn et haart Strofen. Bei grousser Hëtzt z.B. kann de Jury d'Verfleegung och méi fréi a méi laang erlaben.
Moosse vun den Zäitofstänn:
Bei Etappe mat erwaartem Massesprint dierf den Ofstand tëscht de jeeweilege Coureure net méi wéi 3 Sekonne sinn, fir mat der selwechter Zäit gestoppt ze ginn. Domat sollen Hektik a geféierlech Manövere beim leschte Sprint reduzéiert ginn. D'Reegel gëllt fir d'Etappen 1, 3, 8, 9, 15, 17 an 21. Op allen aneren Etappen zielt all Sekonn Ofstand fir d'Klassement. Normalerweis gëtt op voll Sekonnen ofgeronnt. Zéngtel- oder Honnertstelsekonne dénge beim Zäitfueren der Placéierung. Bei Gläichstand am General entscheeden se allerdéngs iwwert de Gielen oder de Wäissen Trikot.
Karenzzäit:
D'Cyclisten dierfen op der Arrivée vun de jeeweilegen Etappen ee bestëmmte Réckstand op d'Zäit vum Dagesgewënner net iwwerschreiden, anerefalls gi se vun der Course ausgeschloss. Hire Réckstand ass op e maximale Prozentsaz vum Gewënner senger Zäit begrenzt. Jee no Schwieregkeet an Tempo vun den Etappe variéiert dëse Saz. Et gëtt tëscht sechs Kategorien ënnerscheet:
Einfach Etappen (Nr. 1, 3, 8, 9, 17, 21): Maximale Réckstand tëscht 5% vum Gewënner senger Zäit, bei enger Moyenne vun ënner 38km/h, an 18% bei iwwer 46km/h.
Mëttelschwéier Etappen (Nr. 2, 4, 7, 11, 15):Maximale Réckstand tëscht 8% vum Gewënner senger Zäit bei enger Moyenne vun ënner 37km/h, an 18% bei iwwer 46km/h.
Schwéier Etappen (Nr. 6, 16, 20): Maximale Réckstand tëscht 11% vum Gewënner senger Zäit bei enger Moyenne vun ënner 36km/h, an 20% bei méi wéi 44km/h.
Grouss Biergetappen (Nr. 10, 12, 14): Maximale Réckstand tëscht 9% vum Gewënner senger Zäit bei enger Moyenne vun ënner 31km/h, an 19% bei méi wéi 40km/h.
Ganz schwéier a kuerz Etappen (Nr. 18, 19): Maximale Réckstand tëscht 11% vum Gewënner senger Zäit bei enger Moyenne vun ënner 29km/h, an 19% bei méi wéi 36km/h. Fir déi 19. Etapp gëtt d'Karenzzäit fir all Duerchschnëttstempo ëm weider 2% erhéicht.
Contre-la-montre (Nr. 5, 13): Maximal 25% vum Gewënner senger Zäit op der 5. Etapp, an 33% op der 13. Etapp.