Iwwer 201,5km goung et vu Bayeux op Vire Normandie. 5 Colle vun der 3. Kategorie, an 3.550 Héichtemeter waren ze bewältegen.
Op der 6. Etapp vum Tour de France konnt sech, aus enger Echappée eraus, no 201,5 Kilometer de Ben Healy behaapten. De Mathieu van der Poel ass elo nees am Gielen Trikot. Hie war an der Echappée vum Dag vertrueden an ass als 8. op dräi Minutten an 58 Sekonnen ukomm. De Grupp mat de Favoritte ronderëm den Tadej Pogacar hat ee Retard vun iwwer 5 Minutten. Am General huet de van der Poel eng Avance vun enger Sekonn op den Tadej Pogacar.
D‘Etapp war predestinéiert fir eng Echappée. Net manner wéi 5 Koppe vun der 3. an 1 Kopp vun der 4. Kategorie mat am Ganzen 3.550 Héichtemeter stoungen um Programm.
Et huet allerdéngs bis nom Tëschesprint bei Kilometer 22 gedauert, bis d‘Echappée sech forméiert huet. Bis dohinner hunn Intermarché-Wanty fir de Biniam Girmay a Lidl-Trek fir de Jonathan Milan d‘Vitesse am Peloton héich gehalen, fir datt d‘Leit mat de séiere Been sech Punkte fir d‘Sprinterklassement konnt siche goen. De Milan huet sech déi 20 Punkte geholl, virum Mathieu van der Poel (17) an dem Girmay (15).
Nom Sprint hunn de Ben Healy an de Quinn Simmons eng éischt Echappée lancéiert. Si goufen allerdéngs bei Kilometer 33 nees vum Peloton gestallt. Kuerz drop huet de Wout van Aert eng weider Echappée provozéiert. Iwwer Kilometeren ewech ass de Spuenier Pablo Castrillo nach bei de Belsch bäigefuer. Um Fouss vun der Côte de la Rançonnière goufe si awer och nees vum Peloton agefaangen. An der éischter Stonn ass eng Moyenne, vun 49,68 Kilometer gefuer ginn.
Déi gutt Echappée huet sech no der Côte de la Rançonnière forméiert. An dat mam Mathieu van der Poel, Quinn Simmons, Ben Healy, William Barta an Harold Tejada. Méi spéit sinn och nach den Eddie Dunbar, de Simon Yates an de Michael Storer dobäi komm. Et huet awer bis eng 100 Kilometer virun der Arrivée gedauert, bis déi Echappée och den definitive Bon de Sortie vum Peloton krut. Hir Avance ass bis op 4 Minutten a 50 Sekonnen eropgaangen. D‘Ekipp vum Maillot Jaune Tadej Pogacar (UAE) huet am Peloton fir den Tempo gesuergt.
D‘Echappée huet bis 42 Kilometer virun der Arrivée gutt zesummegeschafft. Deen Ament huet awer de Ben Healy, dee virun zwee Joer eng Etapp am Tour de Luxembourg gewonnen hat, attackéiert. An der Côte de Saint-Michel-de-Montjoie, eng 29 Kilometer virun der Arrivée, hunn de Quinn Simmons an de Michael Storer eng Konterattack gesat. Déi aner Leit aus der Echappée konnten net reagéieren. Den Healy huet säin Effort gutt geréiert, a Simmons a Storer sinn net méi bäi komm.
Den Ir gewënnt mat 24 Joer seng éischt Etapp am Tour de France. Hien hat op der Arrivée eng Avance vun 2 Minutten a 44 Sekonnen op de Quinn Simmons an 2 Minutten an 51 Sekonnen op de Michael Storer.
De Mathieu van der Poel ass elo nees am Gielen Trikot. Hie war an der Echappée vum Dag vertrueden an ass als 8. op dräi Minutten an 58 Sekonnen ukomm. De Grupp mat de Favoritte ronderëm den Tadej Pogacar hat ee Retard vu 5 Minutten a 27 Sekonnen. Am General huet de van der Poel eng Avance vun enger Sekonn op den Tadej Pogacar.
Um Freideg geet et op der 7. Etapp iwwer 197 Kilometer vu Saint-Malo op Mûr-de-Bretagne.
D'Klassementer vun der Etapp an de General