Et war en accidentéiere Parcours, deen iwwer 197km vu Saint-Malo op Mûr-de-Bretagne Guerlédan gefouert huet.

De Weltmeeschter Tadej Pogacar huet sech uewen zu Mûr-de-Bretagne, knapps géint de Jonas Vingaard behaapt. De Slowen iwwerhëlt elo och nees de Maillot Jaune. Hien huet 54 Sekonnen Avance op de Remco Evenepoel.

Tour de France: 7. Etapp (Resumé)
Victoire a Maillot Jaune fir den Tadej Pogocar.

Genee wéi schonns op der 6. Etapp, war och déi um Freideg nees eng gutt fir an d‘Echappée ze goen. An dat obwuel d‘Schwieregkeet vum Dag réischt op de leschten 18 Kilometer um Programm stoungen. Ënnert anerem zweemol erop op Mûr-de-Bretagne, och nach bekannt als Alpe d‘Huez vun der Bretagne.
 
Virun allem déi franséisch Ekippen a Coureuren wollten, nodeems se gëschter de gudde Coup verpasst haten, haut déi gutt Echappée erwëschen. Dat war awer net esou einfach. D‘Vitess am Peloton war op en Neits extreem héich. An der éischter Stonn ass eng Moyenne vun 53,7 Kilometer gefuer ginn. Dat ass bis elo Rekord an dësem Tour.
 
Et huet bis bei Kilometer 55 gedauert, bis d‘Echappée vum Dag sech forméiert hat. An där ware 5 Leit dran: den Alex Baudin, de fréieren Tour de France Gewënner Geraint Thomas, de Marco Haller, den Ewen Costiou an den Ivan Garcia Cortina. D‘Avance vun dësem Grupp ass awer just op knapps 2 Minutten erop gaangen. Den Train am Peloton hunn haaptsächlech d‘Ekipp Alpecin-Deceuninck vum Maillot Jaune Mathieu van der Poel assuréiert, an UAE vum Tadej Pogacar.
 
Eng 42 Kilometer virun der Arrivée huet de Maco Haller an der Echappée musse lass loossen. D‘Avance op de Peloton ass och ëmmer méi kleng ginn. Virun der Côte du Village de Mûr de Bretagne, 20 Kilometer virun der Arrivée, hunn d‘Equipiere vum Jonas Vingeaard am Peloton den Tempo eropgesat an d‘Avance vun der Echappée ass weider erof gaangen. An där Echappée, hunn den Thomas an de Garcia Costia musse lass loossen a just den Costiu ass vir bliwwen. De Fransous ass nach mat enger Avance vun 20 Sekonnen, beim éischte Passage, iwwer d‘Ligne d‘Arrivée zu Mûr-de-Bretagne gefuer.
 
No der Descente ass de Grupp vun de Favoritten, an deem nach eng 30 Leit dra waren, bei den Ewen Costiou bäigefuer. 12 Kilometer virun der Arrivée koum iwwer radio Tour „Echappée Terminée“.
 
6 Kilometer virun der Arrivée koum et am Spëtzegrupp zu enger gréisserer Chute, an déi eng 10 Coureure verwéckelt waren. An der Montée erop op d‘Arrivée goufen et keng Attacken am éischte Peloton. Op de leschten 200 Meter huet den Tadej Pogacar de Sprint lancéiert a gewënnt d‘Etapp knapp virum Jonas Vingegaard, an dem Oscar Onley op 2 Sekonnen.

De leschte Kilometer vun der 7. Etapp
E Freideg ass den Tadej Pogacar mat enger weiderer Victoire zeréck an de Giele Maillot gefuer.

E Samschdeg geet et op der 8. Etapp iwwer 171,4 Kilometer vu Saint-Méen-le-Grand op Laval Espace Mayenne.

Déi 7. Etapp am Replay
Iwwer 197km goung et vu Saint-Malo op Mûr-de-Bretagne Guerlédan

D'Klassementer vun der Etapp an de General