Fir de Belsch vu Soudal Quick-Step ass et déi éischte Victoire bei dësem Tour de France. De Maillot Jaune bleift beim Tadej Pogacar.

D'Schlussphase vun der Etapp ass duerch de staarke Säitewand richteg schwéier ginn. Gepräägt gouf d'Etapp vum Jonas Rickaert an de Mathieu van der Poel, déi quasi déi ganz Etapp eleng un der Spëtzt waren. Wéi am Virfeld erwaart, ass et awer och op der 9. Etapp zu engem Sprint komm. An hei war et de Belsch Tim Merlier vu Soudal Quick-Step dee Séiersten. Op d'Plazen 2 a 3 sprinten de Maillot Vert Jonathan Milan an den Arnaud de Lie.

Am General huet sech un der Spëtzt näischt geännert. Den Tadej Pogacar huet 54 Sekonne Virsprong op de Remco Evenepoel an 1'11'' op de Kévin Vauquelin.

Tour de France: 9. Etapp (Resumé)
Victoire fir den Tim Merlier am Sprint.

Op der 9. Etapp ass et fir d'Coureuren iwwer flaach 174,1 Kilometer vu Chinon op Châteauroux gaangen. D'Course gouf gepräägt vum Jonas Rickaert a Mathieu van der Poel. Béid Alpecin-Fuerer hu sech vun Ufank un ofgesat, mam Zil, dass de van der Poel den Tëschesprint no 24 Kilometer gewënnt a domatt 20 Punkten op säi Konto kritt. Dëst sollt dem Hollänner dann och geléngen. Aus dem Peloton eraus huet den aktuelle Maillot Vert Jonathan Milan déi drëtte Plaz an domat 15 Punkte geholl. Béid Alpecin-Coureuren kruten e maximalen Virsprong vu ronn 5 Minutten a 30 Sekonnen op de Peloton.

Ronn 80 Kilometer virun der Arrivée gouf et Réckschlag fir dem Tadej Pogacar säin Team. De João Almeida huet d'Course wéinst enger gebrachener Rëpp missten opginn.

De Virsprong vun der Echappée ass Kilometer fir Kilometer geschmolt, an awer huet et bis 700 Meter virun der Arrivée gedauert, bis de Mathieu van der Poel, deen déi lescht Kilometer elleng un der Spëtzt war, agefaange gouf. Am Peloton ass et duerch de staarke Säitewand zäitweis hektesch virgaangen, et gouf em déi beschte Positioune geraibert an de Peloton ass an 2 gespléckt ginn. D'Favoritten am General sollten sech awer all am 1. Grupp befannen.

Op de leschte Meteren ass et dann awer nach zum Massesprint komm. De Belsch Tim Merlier war um Sonndeg dee Séiersten virum Jonathan Milan, dee domatt säin Maillot Vert ka verdeedegen. Déi drëtte Plaz ass fir den Arnaud de Lie.

Tour de France: 9. Etapp – leschte Kilometer am Replay
Victoire fir den Tim Merlier am Sprint

Méindes ass an der Reegel Roudag beim Tour de France. Opgrond vum franséischem Nationalfeierdag de 14 Juli, fënnt dëst Joer um Méindeg ausnamsweis awer eng Etapp statt. Iwwer 165.3 Kilometer geet et vun Ennezat op Le Mont-Dort Puy de Sancy. Net manner wéi 8 Bierger stinn um Programm. Roudag ass dann en Dënschdeg.

Tour de France: 9. Etape (Replay)
Victoire fir den Tim Merlier am Sprint.

D'Klassementer vun der Etapp an de General