De Ben Healy ass deen éischte iresche Coureur zanter 1987, deen an de Maillot Jaune fiert. Virun 38 Joer war dat dem Stephen Roche gelongen.
Op der 10. Etapp vum Tour de France duerch de Massif Central gouf et no 165,3 Kilometer vun Ennezat op Le Mont-Dore Puy de Sancy eng Victoire vum Simon Yates. De Britt hat um Enn eng Avance vun 9 Sekonnen op den Hollänner Thymen Arensman an 31 Sekonnen op de Ben Healy aus Irland.
Am Generalklassement ass den Healy neie Leader. Dee leschten Ir, deen de Maillot Jaune unhat, war 1987 de Stephen Roche. De Slowen Tadej Pogacar, deen op 4 Minutten an 51 Sekonnen den 9. gouf, ass elo Zweeten, mat engem Retard vun 29 Sekonnen op den Healy. Drëtten ass op eng Minutt an 29 Sekonnen de Belsch Remco Evenepoel. Den Dän Jonas Vingegaard steet op der véierter Plaz am General, op eng Minutt a 46 Sekonnen.
Op der 10. Etapp vun der Grande Boucle goung et iwwer 165,3 Kilometer a 4461 Héichtemeter iwwer 8 Montéeë vun Ennezat op Le Mont-Dore Puy de Sancy. Um franséische Nationalfeierdag huet sech eng grouss Echappée mat 18 Coureure forméiert. Mat dobäi waren ënner anerem de Simon Yates oder och de Ben Healy. De Gros vun hinne konnt sech eng Avance vu ronn 8 Minutten erausfueren. Den Tim Wellens an de Lenny Martinez goufen ënner anerem distanzéiert. De Fransous huet awer genuch Punkten am Bierg gesammelt a krut doduerch de Maillot a Pois.
An der Echappée goufen et ëmmer rëm Attacken, 6 Coureure konnte sech ofsetzen. De Groupe Maillot Jaune gouf vun der Ekipp vum Tadej Pogacar kontrolléiert. Si hunn d'Echappée fuere gelooss, déi 12 Kilometer viru Schluss eng Avance vu ronn 6 Minutten Avance haten. An der Schlussphas huet de Simon Yates aus der Echappée eraus attackéiert. Nëmmen de Ben O'Connor an den Thymen Arensman konnten dem Britt säin Tempo matgoen. De Ben Healy gouf distanzéiert, konnt sech um Enn awer nees erukämpfen.
No enger weiderer Tempoverschäerfung konnt sech de Simon Yates ronn zwee Kilometer viru Schluss eleng ofsetzen. Um Enn konnt kee méi hien afänken. No 2019 ass et dem aktuelle Giro d'Italia-Gewënner seng drëtte Victoire vun enger Etapp am Tour de France. De Britt hat op der Arrivée eng Avance vun 9 Sekonnen op den Thymen Arensman an 31 Sekonnen op de Ben Healy.
Am Spëtzegrupp goufen et ëmmer rëm Attacken, zum Beispill vum Remco Evenepoel a vum Florian Lipowitz. An der Suite huet den Tadej Pogacar den Tempo ugezunn. De Jonas Vingegaard konnt reagéieren, den Evenepoel gouf distanzéiert. An der Suite huet den Duo Tempo rausgeholl an hat um Enn e Retard vu véier Minutten an 51 Sekonnen op de Simon Yates.
Am General iwwerhëlt de Ben Healy doduerch d'Féierung. Hien huet elo eng Avance vun 29 Sekonnen op den Tadej Pogacar, eng Minutt an 29 Sekonnen op de Remco Evenepoel an eng Minutt an 46 Sekonnen op den Jonas Vingegaard.
En Dënschdeg ass Roudag. Weider geet et e Mëttwoch mat der 11. Etapp iwwert 156,8 Kilometer ronderëm Toulouse.
D'Klassementer vun der Etapp an de General