Op der 12. Etapp vum Tour de France geet et en Donneschdeg iwwer 180,6 Kilometer vun Auch op Hautacam. Eng Montée, déi een aus Lëtzebuerger Siicht kennt.
Um franséischen Nationalfeierdag am Joer 2008 war déi 12. Etapp vu Pau iwwer den Tourmalet op Hautacam fir eisen RTL-Vëlo-Expert Kim Kirchen ee manner schéint Erliefnis. Véier Deeg hat de Lëtzebuerger, deemools am Déngscht vum Team Columbia, de giele Maillot an der Grande Boucle op senge Schëlleren. Hie war nom Charly Gaul am Joer 1959 deen éischte Lëtzebuerger, deen d'Féierung am General konnt iwwerhuelen.
Dee Séiersten erop op Hautacam war deemools de Cadel Evans. Den Australier hat op der Arrivée eng Avance vun 28 Sekonnen op de Fränk Schleck, deen 10,7 Kilometer virun der Arrivée attackéiert hat. De Kim Kirchen war mat engem Retard vu véier Minutten an 19 Sekonnen iwwer d'Arrivée gefuer an hat domadder de Maillot Jaune un de Cadel Evans verluer. Den Andy Schleck koum op déi 24. Plaz op ronn 9 Minutten. Doduerch datt eng Partie Coureuren disqualifizéiert goufen, hat sech d'Klassement am Nachhinein geännert.
"Et ass natierlech schonn eng gutt Zäit hier. Mee wann een d'Biller awer nach eng Kéier kuckt, da gesäit een awer och, datt et do immens schwéier war. Ech hat net méi all ze vill Co-Equipieren u menger Säit. Mee ech wosst awer schonn ënnen am Fouss, datt et relativ enk géing ginn an awer hat ech d'Hoffnung, net all ze vill Zäit ze verléieren. Deem war awer net esou. Et war ganz séier do eragaangen an do hunn ech relativ fréi och misse Plomme loossen. Ech war awer frou, deen Dag och nach de Maillot kënnen ze droen. Et ass eng Montée, déi extreem, extreem schwéier war."
Den Tour de France 2008 war aus Lëtzebuerger Siicht duerchaus erfollegräich. Nieft dem Kim Kirchen hat och de Fränk Schleck zwee Deeg de Maillot Jaune. De Kirchen hat dogéint och sechs Deeg den Trikot vum beschte Sprinter an den Andy Schleck siwen Deeg den Trikot vum beschte Jonken. Am General gouf de Fränk Schleck um Enn dee Fënneften, de Kim Kirchen dee Siwenten an den Andy Schleck deen Eeleften.
Och 17 Joer méi spéit fiert den Tour de France de Col Richtung Arrivée zu Hautacam. 180,6 Kilometer vun Auch fort huet de Peloton hannert sech ze bréngen. De Kim Kirchen weess, wat en Donneschdeg op d'Coureuren duerkënnt.
"Et hänkt dovun of wéi séier, datt een erageet, ob s de richteg Biergfuerer dobäi hues oder ob am Generalklassement scho grouss Ecarte sinn oder net. Wa mir elo dësen Tour de France kucken, ginn ech dovun aus, datt wierklech elo gekuckt gëtt, nach eng Kéier richteg Ecarten erauszefueren. Wann een ënnen erakënnt, ass et e bësse wallonnéiert. Et geet net direkt ganz géi, duerno awer schonn no zwee, dräi Kilometer richteg, richteg géi. Do muss de och aus dem Suedel a wierklech den Tempo einfach matgoen. Do kanns de der et net erlaben, do direkt e puer Meter ze kréien. Dat geet och natierlech direkt un d'Moral a vir wäert et ganz séier weidergoen. Also alleguer déi Coureuren, déi wëlle mat Kraaft eropfueren, géif ech soen, datt et hannenaus relativ enk gëtt a se musse scho richteg Biergfuerer-Qualitéiten hunn. Dat mécht dee Bierg och einfach aus. Et gi gréisser Ecarte villäicht net grad bei deenen alleréischten, mee awer duerchaus fir déi fënnef, sechs, siwent Plaz. Do kréie mer enorm, enorm gréisser Ofstänn. Fir d'Etapp däerf mer net vergiessen, do wäert et warscheinlech eng Echappée sinn. De Pogacar, dee gëschter [u.v.d.R.: Mëttwoch] gefall ass, wäert net elo direkt op d'Etappevictoire aus sinn. Beim Vingegaard muss en ofwaarden, ob en d'Course gäre schwéier mécht. Eng Echappée ka sech duerchsetzen. Et ass awer och esou, datt mer dräi schwéier Collen hunn. Et kann een dovunner ausgoen, datt d'Favoritten awer de Match wäerte maachen. Et musse ee schonn eng grouss Avance erausfueren, fir do eng Chance ze hunn."
Déi 12. Etapp um Tour de France kënnt Dir vu 15 Auer un um 1. RTL, um RTL.lu, op der App an um RTL Play live suivéieren.