En Donneschdeg stoung déi éischt richteg Biergetapp um Menü. Iwwer 180 Kilometer ass et vun Auch op Hautacam gaangen.
Den Tadej Pogacar huet en Donneschdeg den éischte richtege Showdown an de Pyrenäen an dësem Tour de France op eng dominant Aart a Weis gewonnen. De Weltmeeschter aus Slowenien hat sech 11,8 Kilometer virun der Arrivée eleng un d'Spëtzt gesat an hat uewen aus zu Hautacam eng Avance vun zwou Minutten an 10 Sekonnen op den Zweeten den Dän Jonas Vingegaard. Als Drëtten ass den Däitsche Florian Lipowitz op zwou Minutten an 23 Sekonnen ukomm.
Kee gudden Dag erwëscht hat op der 12. Etapp de Remco Evenepoel. De Belsch hat am Col du Soulor eng 54 Kilometer virun der Arrivée eng éischte Kéier missen aus dem Grupp vun de Favoritte lassloossen. Hie war duerno wuel nach emol bäikomm, ma huet dunn um Fouss vun der Schlussmontée direkt nees misse lassloossen. Um Enn konnt hien de Schued a Grenzen halen an huet als 7. dräi Minutten a 35 Sekonne verluer.
Am General steet de Pogacar no senger drëtter Etappevictoire bei dësem Tour nees un der Spëtzt. Hien huet eng Avance vun dräi Minutten an 31 Sekonnen op de Vingegaard a véier Minutten a 45 Sekonnen op den Evenepoel.
De Resumé vun der Etapp
Op der éischter richteger Biergetapp hat sech eng 165 Kilometer virun der Arrivée eng 51 Mann staark Echappée aus dem Peloton ofgesat. Vertruede waren 22 Ekippen, just d'Formatioun Picnic-PostNL huet mat engem Coureur gefeelt. Am beschten am General placéiert war de Rodrigues als 12. op fënnef Minutten a 44 Sekonnen. D'Echappée vum Dag krut eng Avance vu knapp zwou Minutte vum Peloton mat de Favoritten an och dem Maillot Jaune zougestanen.
An der éischter richteger Schwieregkeet vum Dag dem Col du Soulor (1. Kategorie, Längt: 11,8 km, Steigung Moyenne: 7,3%) ass direkt um Fouss vum Bierg, eng 58 Kilometer virun der Arrivée, d'Echappée auserneegefall an éischt Coureuren hu misse lassloossen. A Richtung Sommet ass de Grupp ëmmer méi kleng ginn. De Michael Woods ass um Enn als Éischten iwwer d'Biergwäertung, eng 46 Kilometer virun der Arrivée gefuer an huet sech déi 10 Punkte geséchert. Kuerz hannert him sinn och de Mattias Skjelmose, de Michael Storer, den Einar Rubio an de Bruno Armirail passéiert. Si haten eng Avance vu ronn zwou Minutten op de Grupp mat de Favoritten, deen nach aus 16 Mann bestanen huet. Mat dobäi nach ë.a. den Tadej Pogacar, de Jonas Vingegaard, de Florian Lipowitz de Primoz Roglic an den Oscar Onley. Lassloossen hu missen iwwerraschend de Remco Evenepoel an awer och de Maillot Jaune Ben Healy.
Laang erblose konnte sech d'Coureuren duerno net. No enger Descente huet de Col des Borderes gewaart. Dem Bruno Armirail ass et gelongen, fir sech eleng un d'Spëtzt ze setzen. Hien hat um Sommet eng Avance vu 54 Sekonnen op e Grupp vu véier Leit mat Woods, Skjelmose, Rubio a Storer. De Grupp mat de Favoritten ass op zwou Minutten an 13 Sekonne passéiert. Nees bäikomm ass hei iwwerdeems den Evenepoel.
D'Decisioun ëm d'Etappevictoire ass um Enn an der Schlussmontée (Hors Catégorie, Längt: 13,5 Kilometer, Steigung Moyenne: 7,8%) erop an d'Schigebitt zu Hautacam gefall. Den Armirail huet eng Avance vun enger Minutt a 54 Minutten op de Grupp mat de Favoritten an d'Schlussmontée geholl. De Grupp mat Woods a Co war mëttlerweil vu Pogacar a Co geschléckt ginn.
D'Ekipp vum Tadej Pogacar UAE Team Emirates huet am leschte Bierg eng ganz héich Vitess ugeschloen an domadder séier fir kloer Verhältnisser gesuergt. Den Armirail war séier agefaangen an 11,8 Kilometer virun der Arrivée war de Pogacar eleng ënnerwee, de Vingegaard hat als leschte vun de Favoritte misse lassloossen.
De Pogacar huet seng Avance Meter fir Meter weider ausgebaut an ass enger souveräner Victoire entgéint gefuer. Hien ass och elo den neie Leader am General.
D'Klassementer vun der Etapp an de General