E Samschdeg ass déi lescht Pyrenäen-Etapp iwwer 182 Kilometer vu Pau op Luchon-Superbagnères gefuer ginn.

Den Hollänner Thymen Arensman huet e Samschdeg d'Kinneksetapp vun de Pyrenäen am Tour de France en solitaire gewonnen. Den Hollänner war an der Echappée vum Dag vertrueden an hat sech am zweetleschte Bierg vum Dag, dem Col de Peyresourde eng 30 Kilometer virun der Arrivée eleng un d'Spëtzt gesat. Den Hollänner huet déi 12 Kilometer laang Schlussmontée als Éischte mat enger Avance vu ronn dräi Minutten op de Grupp Maillot Jaune an Ugrëff geholl. An déi Avance sollt him duergoen, fir um Enn d'Victoire uewenaus zu Luchon-Superbagnères ze feieren. Als Zweeten ass de Mann a Giel Tadej Pogacar ukomm. Hien hat e Retard vun enger Minutt an aacht Sekonnen. Als Drëtten huet sech de Jonas Vingegaard op eng Minutt an 12 Sekonne klasséiert.

Tour de France: 14. Etapp - leschte Kilometer am Replay
Victoire en solitaire fir Thymen Arensman, Tadej Pogacar weider a Giel

De Grupp mat de Favoritten hat d'Schlussmontée zesummen an Ugrëff geholl. 7 Kilometer virun der Arrivée huet de Felix Gall attackéiert a konnt sech ofsetzen. Am Grupp hunn ëmmer méi Coureure misse lassloossen. Dräi Kilometer virun der Arrivée waren et dunn Attacke vu Vingegaard a Pogacar. Déi zwee hunn och de leschte Konkurrent mam Florian Lipowitz stoe gelooss a konnte bis op d'Arrivée de Gall nach afänken. Op de leschte Meter huet de Pogacar nach emol acceleréiert a konnt e puer Sekonnen op de Vingegaard erausfueren.

Am General läit den Tadej Pogacar elo véier Minutten an 13 Sekonne virum Jonas Vingegaard. Neien Drëtten ass de Florian Lipowitz aus Däitschland, deen och elo de Mann am wäissen Trikot ass. Hien huet e Retard vu siwe Minutten an 53 Sekonnen.

Net méi mat dobäi ass de Remco Evenepoel, dee virun der Etapp Drëtten am General an de beschte Jonke war. Hie gouf fréi an der Etapp distanzéiert an ass am Col du Tourmalet vum Vëlo geklommen an huet opginn.

De Lenny Martinez steet elo un der Spëtzt vum Klassement vum beschte Biergfuerer. Hei war als éischte Coureur iwwer de Col du Tourmalet an de Col d'Aspin gefuer. Duerch déi Punkten huet hien de Pogacar an där Wäertung iwwerholl.

Tour de France: 14. Etapp (Resumé)
Victoire en solitaire fir Thymen Arensman, Tadej Pogacar weider a Giel.

De Resumé vun der Etapp

Tour de France: 14. Etapp (Replay)
Victoire en solitaire fir Thymen Arensman, Tadej Pogacar weider a Giel

Knapp 5.000 Héichtemeter waren e Samschdeg op den 182 Kilometer tëscht Pau bis erop an d'Schigebitt vu Superbagnères ze bewältegen. Ronn 110 Kilometer virun der Arrivée huet mam Col du Tourmalet (HC) dat éischt Monument gewaart. An der éischter Montée hu vill Coureure misse lassloossen. Mat drënner war och nees de Remco Evenepoel. De Belsch konnt schonn déi lescht Deeg an de Pyrenäen den héije Rhythmus vun de beschte Generalfuerer net méi matgoen an ass du komplett demoraliséiert am Col du Tourmalet vum Vëlo geklommen an huet den Tour de France verlooss.

Vir un der Spëtzt konnt sech de Lenny Martinez eleng ofsetzen an ass als Éischten iwwer de Biergpräis vum Col du Tourmalet, eng 90 Kilometer virun der Arrivée gefuer. De Fransous hat sech eng Avance vun enger Minutt a 50 Sekonnen op e Verfolgergrupp vu 16 Coureuren erausgefuer. De Peloton mam Leader Tadej Pogacar ass mat engem Retard vun dräi Minutten an 30 Sekonne passéiert.

An der Descente, déi bei Niwwel, Reen an naasse Stroosse schwéier ze fuere war, ass de Lenny Martinez eleng un der Spëtzt bliwwen. Hannendru konnte sech mam Sepp Kuss an dem Valentin Paret-Peintre zwee Mann aus dem éischte Verfolgergrupp ofsetzen. Am Peloton ware weiderhin déi bescht Generalfuerer zesummen.

63 Kilometer virun der Arrivée ass de Lenny Martinez och als Éischten iwwer de Col d'Aspin (2. Kategorie) gefuer. Hien huet eng Avance vun 22 Sekonnen op Kuss a Paret-Peintre an d'Descente geholl. De Verfolgergrupp mat elo nach 14 Coureuren, an deem den Norweger Tobias Johannessen als 8. am General am beschte placéiert war, ass op zwou Minutten an 11 Sekonne passéiert an de Peloton mat nach 38 Coureuren op dräi Minutten an 32 Sekonnen. Am Peloton huet d'Ekipp vum Leader Tadej Pogacar mat virop dem Nils Politt den Tempo uginn.

An der Descente ass et Kuss a Paret-Peintre gelongen, fir bei de Martinez opzeschléissen. Den Trio ass dann och zesummen den drëtte Bierg vum Dag, de Col de Peyresourde (1. Kategorie), 40 Kilometer virun der Arrivée ugaangen. Net méi wäit hannendru waren e puer Coureuren aus dem zweete Grupp, deen am Verlaf vun der Descente auserneegefall war. An de Peloton hat och nëmmen nach e Réckstand vun zwou Minutten a 40 Sekonnen.

Am Col de Peyresourde koum et zu enger Verännerung un der Spëtzt. Den Hollänner Thymen Arensman huet d'Féierung eleng iwwerholl. Um Sommet 32 Kilometer virun der Arrivée hat hien eng Avance vun enger Minutt an 30 Sekonnen op e Grupp vu fënnef Coureure mat Johannessen, Martinez, Paret-Peintre, Carlos Rodrigues an Einer Rubio. De Peloton mam Maillot Jaune an de weidere Spëtzefuerer ass mat engem Retard vun dräi Minutten an 33 Sekonnen iwwer deen héchste Punkt gefuer.

Den Arensman ass als Éischten an déi 12 Kilometer laang Schlussmontée erop op Luchon-Superbagnères (HC) gaangen. De Grupp Maillot Jaune hat e Retard vu ronn dräi Minutten op de Mann un der Spëtzt.

Um Enn sollt dem Hollänner seng Avance duergoen, fir als Éischten iwwer d'Arrivée ze fueren.

De Grupp mat de Favoritten hat d'Schlussmontée zesummen an Ugrëff geholl. 7 Kilometer virun der Arrivée huet de Felix Gall attackéiert a konnt sech ofsetzen. Am Grupp hunn ëmmer méi Coureure misse lassloossen. Dräi Kilometer virun der Arrivée waren et dunn Attacke vu Vingegaard a Pogacar. Déi zwee hunn och déi lescht Konkurrente stoe gelooss a konnte bis op d'Arrivée de Gall nach afänken. Op de leschte Meter huet de Pogacar nach emol acceleréiert a konnt nach e puer Sekonnen op de Vingegaard erausfueren. Si sinn als Zweeten respektiv Drëtten op eng Minutt an aacht Sekonnen respektiv eng Minutt an 12 Sekonnen ukomm.

Am General läit weiderhin de Pogacar souverän a Féierung.

De Lenny Martinez steet elo un der Spëtzt vum Klassement vum beschte Biergfuerer. Duerch d'Punkte bei den éischten zwee Collen huet hien de Pogacar iwwerholl.

D'Klassementer vun der Etapp an de General