
© DIRK WAEM / BELGA MAG / Belga via AFP
De jonke Belsch huet e Samschdeg op der 14. Etapp vum Tour de France opginn.
De Remco Evenepoel war als ee vun de Favoritten op eng Plaz um Podium un den Depart vum Tour de France gaangen. No enger gudder éischter Woch an der Victoire vum Zäitfueren um fënneften Dag huet hie wärend der zweeter Woch an de Pyrenäen-Etappe gelidden a konnt net méi mat deene beschte Coureure mathalen. Um Samschdeg ass hien dunn am Col du Tourmalet vum Vëlo geklommen an huet den Tour de France verlooss.
Trotz den Zäitverloschter an de leschten Deeg war den Evenepoel e Samschdeg nach als Drëtten am General an am wäissen Trikot vum beschte jonke Coureur un den Depart gaangen.
Net méi mat dobäi ass och de Mattias Skjelmose. Den Dän huet sech bei enger Chute blesséiert, war duerno nach emol op de Vëlo geklommen, ma huet dunn awer missen opginn.