Am Tour de France stoung e Mëttwoch déi 17. Etapp um Programm. Et ass iwwer 160 Kilometer vu Bollène op Valence gaangen. Et war eng flaach Etapp.
Et sollte lescht Kilometer ginn, bei deenen d'Wieder eng Roll gespillt huet. Eng vereente Streck, déi dee Spëtzegrupp ëm d'Sprinter ausernee gerappt huet a souguer um leschte Kilometer fir eng Chute gesuergt huet. Um Enn konnt sech den Italiener vu Lidl-Trek an aktuelle Maillot Vert Jonathan Milan duerchsetzen, dat virum Jordi Meeus an dem Tobias Lund Andresen.
De Resumé vun der Etapp
Wéi gewinnt gouf et op der Etapp nees eng Echappée, déi sech relativ séier nom Depart forméiert huet. An där waren den Norweger Jonas Abrahamsen, den Italiener Vincenzo Albanese an déi zwee Fransouse Quintin Pacher a Mathieu Burgaudeau mat dran. Hir Avance louch bei maximal 2 Minutten an 30 Sekonnen. Am Col du Pertuis vun der 4 Kategorie ass d'Avance duerch eng Acceleratioun am Peloton awer op 30 Sekonnen zeréckgaangen. An där Montée hunn och eng Partie Sprinter musse lassloossen. Ënnert anerem de Maillot Vert Jonathan Milan. Méi spéit huet den Italiener et awer fäerdeg bruecht, mat anere Coureuren nees an de Peloton bäizefueren.
Virun der zweeter a leschter klenger Montée vum Dag dem Col de Tartaiguille ass d'Avance vun der Echappée nees op eng déck Minutt eropgaangen. An där Montée huet de Wout van Aert aus dem Peloton eraus attackéiert. De Belsch huet et awer net fäerdeg bruecht, d'Lach op d'Echappée zouzefueren a gouf nees vum Peloton agefaangen.
Am Peloton gouf d'Vitess vun den Equipiere vun de Sprinter diktéiert. Nodeems de Peloton bis op 20 Sekonnen un d'Echappée erukoum, huet den Jonas Abrahamsen eng 11 Kilometer virun der Arrivée aus der Echappée eraus attackéiert. Albanese, Pacher a Burgaudeau goufen eng 8 Kilometer virun der Arrivée vum Peloton geschléckt. Den Abrahamsen huet awer weiderhin dem Peloton d'Stier gebueden. Awer och fir hien ass d'Aventure 4 Kilometer virun der Arrivée op een Enn gaangen.
De Wee war fräi fir ee Massesprint. 1 Kilometer virun der Arrivée koum et awer op den naasse Stroossen zu enger Chute an et koume just nach e puer Coureuren a Fro,fir d'Etapp ze gewannen. De Jonathan Milan setzt sech souverän géint de Jordi Meeus duerch. Drëtte gouf den Tobias Lund Andresen. Well d'Chute an de leschte 5.000 Meter geschitt ass, kruten awer alleguerten d'Coureuren déi selwecht Zäit opgeschriwwen.
Am General bleift alles beim alen. Den Tadej Pogacar behält eng Avance vu 4 Minutten a 15 Sekonnen op de Jonas Vingegaard. Drëtten ass de Florian Lipowitz.
En Donneschdeg steet Kinneksetapp um Programm. Dat geet et iwwer 171,5 Kilometer vu Vif op Courchevel Col de la Loze erop. Dräi Collen, déi hors catégorie klasséiert sinn, waarden op d'Coureuren.
D'Klassementer vun der Etapp an de General