Zanter dem 27. September ginn et jo schonn Aschränkungen am Trafic am Beräich vun der Rouder Bréck. Ma och anerwäerts gëlle Restriktiounen.

Wéi d'Gemeng Lëtzebuerg  e Sonndeg matdeelt, wäert d'Rout Bréck och nach den Dag no de Festivitéiten fir den Trafic zou sinn, dat bis ongeféier 18 Auer. Et ass een zanter e Sonndeg de Moien amgaangen, fir alles, wat op der Rouder Bréck opgeriicht gouf, ze demontéieren. Déi Aarbechte sollen am fréien Owend ofgeschloss sinn an da kann d'Bréck nees lues a lues fir de Verkéier opgoen.

La réouverture partielle du pont Grande-Duchesse Charlotte est prévue pour le dimanche, 5 octobre à 18h. À l’issue des travaux de démontage, le pont sera entièrement accessible le lundi, 6 octobre à partir de 5h

RTL

Bis de 6. Oktober um 1 Auer bleift de Parking Rond-point Schuman gespaart, mat Ausnam fir d'Leit, déi en Abonnement hunn.

Wann Dir gewinnt sidd, Iech mam ëffentlechen Transport ze deplacéieren, ginn et och eng Partie Ännerungen, dat zum Beispill op de Buslinnen 2, 3, 4, 6, 12, 16, 18, 19, 21, 30 an 31, grad ewéi CN1, CN4, CN5 an CN7. Den Detail dozou fannt Dir um Site vun der Stad Lëtzebuerg, respektiv heescht et sech iwwer www.mobiliteit.lu informéieren. Och beim Tram ginn et Upassungen.

Allgemeng ass et den Appell vun der Stad Lëtzebuerg,op d'P+R Parkingen zeréckzegräifen.

Iwwer Nuecht fiert och de City Night Bus. 8 verschidde Buslinne fueren duerch verschidde Quartieren, dat bis 3.30 Auer, an engem Ofstand vu 15 bis 30 Minutten.