
Uganks Mäerz koum d’Nouvelle, dass d’Queen eng éischte Kéier zanter 3 Joer nees Muppen hätt. Nom Doud vun hirem Mann den 9. Abrëll war dat sécher ee klengen Trouscht.
Hire Fils, de Prënz Andrew hat hir déi 2 Dorgis geschenkt. De Fergus an de Muick sollte seng Mamm opmonteren. Ma ee vun hinnen, de Fergus, ass elo gestuerwen. Hien hat just e puer Méint.
De Palais huet dës Nouvelle nach net kommentéiert. Ma aus interne Kreesser heescht et, d’Queen wier um Buedem zerstéiert. Besonnesch well dat esou kuerz nom Verloscht vun hirem Mann geschitt ass.
Hir Muppen, an der Haaptsaach Corgis an Dorgis, an hir Päerd bedeiten der brittescher Kinnigin alles. Schonn als Kand hat si ëmmer Véierbeener ronderëm sech. Iwwer 30 Déieren huet d’Queen ëmmerhin bis elo scho gehat. Hire leschte Corgi Willow ass 2018 gestuerwen, den Dorgi Vulcan leschten Dezember.