Iwwer 1.300 HënnD'Wen Junghong ass d'Mutter Teresa fir Déieren a China

RTL Lëtzebuerg
Virun 20Joer huet d'Wen Junghong hiren éischten Hond vun der Strooss gerett, haut sinn et der iwwer 1.300.
© AFP

D’Wen Junghong ass an der südwestchineesescher Metropol Chongqing als Mutter Teresa vun de verloossenen Déiere bekannt, déi sech virun neie véierbeenege Matbewunner kaum rette kann.

Ier d’Wen hiren alleréischte Mupp, e klenge Pekinees mam Numm Wenjing, gouf et de Problem vu Stroossenhënn kaum. En Hausdéier ze halen, war laang Zäit als “biergerlech” verpönt a China. An Tëscht ass dat anescht an domat klëmmt och d’Zuel vun Déieren, déi ausgesat ginn. Der Organisatioun “AnimalsAsia” no liewen Dosende Milliounen Hënn a Kazen op der Strooss.

D’Wen hätt et sech dofir zur Aufgab gemaach, dës Déiere virun engem haarde Schicksal ze retten, zum Beispill geschluecht ze ginn. Ma et net just Hënn kréie bei hir en neit Doheem, mee och honnerte Kazen, eng sëllege Kanéngercher, Villercher a 4 Päerd. Hiert Haus an hire Gaart si struppevoll mat klenge Käfeger. “D’Äerd ass net just fir Mënschen do, si gehéiert alle Liewewiesen”, sou déi fréier Ëmwelttechnikerin.

Nieft hirer kompletter Rent an hiren Erspuernesser ass si och an hirer kompletter Fräizäit just fir hir Déieren do. Si steet um 4 Auer op a mécht bis zu 30 Eemeren Exkrementer ewech, duerno gi 500 Kilo Fudder a risege Kachdëppe preparéiert. Et schaffen och 6 Employéen fir d’Wen. Si schlofen an der Fudderkammer.

Zanter si online op sech opmierksam gemaach huet, kommen och Spendegelder un. Donieft hofft d’Wen esou hir Véierbeener ze vermëttelen. Ma leider ginn et ëmmer méi verloossen Déieren a manner potentiell Besëtzer.

Back to Top
CIM LOGO