
An engem Auto kann et séier waarm ginn. Wann et dobaussen 20 Grad sinn, kënnen d’Temperaturen am Auto no enger Stonn scho 46 Grad erreechen. Wann den Thermometer dobaussen op 30 Grad klëmmt, da kënnen et déi 46 Grad am Auto schonn no enger hallwer Stonn sinn. No enger Stonn sinn et dann do 56 Grad, esou de Cédric Haas vum ACL. D’Experte sinn der Meenung, datt et keng Roll spillt, ob et sech do ëm e wäissen oder e schwaarzen Auto handelt. Wann ee mat engem Hond ënnerwee ass, da soll ee besonnesch bei Hëtzt drop oppassen, datt den Auto net ze waarm gëtt. Am beschten ass et eng Parkplaz am Schied ze sichen. Iert ee fortfiert soll ee gutt lëften, a wann ee fiert, soll een d’Ventilatioun am Ufank op Maximum stellen. Fir de Mupp soll een ëmmer genuch Waasser mat dobäi hu fir ze drénken.

Wann engem am Summer bei héijen Temperaturen en Hond an engem geparkten Auto opfält, deen do agespaart ass, da soll ee sech fir d’éischt, esou wäit et méiglech ass, vergewësseren, wéi et dem Déier geet, esou de Ben Eich vun der Direction Communication vun der Police. Wann een den Androck huet, datt et dem Déier net gutt geet, da soll een entweder den 112 oder den 113 uruffen. Deen Ament soll een den Operateur genee iwwer d’Situatioun a Kenntnis setzen. Esou kënnen déi néideg Decisioune geholl ginn an Hëllef op d’Plaz geschéckt ginn. Wann elo Liewensgefor fir de Mupp besteet, soll een och als éischt d’Rettungsdéngschter uruffen. Jee no Situatioun kënne si engem iwwer Telefon eventuell Instruktioune ginn, wéi ee reagéiere soll. Am Déiereschutzgesetz vum 27. Juni 2018 steet am Punkt 15 vum Artikel 12, datt et verbueden ass, fir engem Déier dat leit, blesséiert ass oder an Nout ass, net ze hëllefen, esou laang een sech net selwer a Gefor bréngt. Wann een et net mécht riskéiert een eng Prisongsstrof vun 8 Deeg bis zu 3 Joer an eng Geldstrof tëschent 251 an 200.000 €. Deejéinegen, deen den Hond bei Hëtzt am Auto léisst, dee kann e Protokoll tëscht 25 an 1000 € kréien. D’Police kann engersäits versichen, de Proprietär vum Auto z’erreechen an anerersäits op der Plaz selwer decidéieren, wéi si kënne weider virgoen.
Den Hond regléiert am Allgemenge seng Kierpertemperatur mat der Ootmung. E schweesst also net wéi mir Mënschen. Wann d’Temperatur am Auto eropgeet, klëmmt och dem Hond seng Kierpertemperatur. De Mupp fänkt u mat hechelen, fir esou ze versichen, seng Temperatur erëm an den normale Beräich ze kréien, erkläert de Veterinär Rawad El khoury. Wann d’Situatioun sech verschlëmmert, kritt den Hond ëmmer méi schlecht Loft, e sabbelt an en dréit sech am Krees, fir eng Plaz ze fannen, wou hie besser a méi confortabel leien oder sëtze kann. D’Häerzfrequenz geet an d’Luucht an de Bluttdrock och. Verschidde Bluttgefäässer deene sech aus, fir esou den Drock erofzesetzen. Dëst féiert dann zu engem Mangel u Sauerstoff am Gehier. An deem Stadium kann e Krämp maachen an et besteet d’Gefor, datt hie stierwe kann. Déi Rasse mat enger méi platter Schnuff, wéi déi franséisch oder englesch Bulldoggen, d’Mopsen oder d’Boxeren, déi hu schonn am Normalfall méi Schwieregkeete beim Ootme wéi déi aner Rassen. Dofir reagéiere si nach méi sensibel op d’Hëtzt.
Wann een en Hond aus engem iwwerhëtzten Auto eraushëlt, dann hänkt et dovunner of, wéi säi Gesamtzoustand ass. Et soll een en an de Schied bréngen, e permanent naass maachen an him ze drénke ginn. Et soll een awer op kee Fall Äiswierfelen huelen, fir en ofzekillen, esou de Rawad El khoury. Dëst kéint d’Kierpertemperatur vum Mupp an deem Fall ze séier erofgoe loossen an d’Déier riskéiert, en thermesche Schock ze kréien. Wann den Hond an engem kriteschen Zoustand ass, da soll een en direkt bei e Veterinär bréngen, fir datt en do déi adequat Hëllef ka kréien.