RIPEen Häerz aus Schof als leschten Äddi

RTL Lëtzebuerg
Een australesche Bauer huet Dausende vu Schof an der Form vun engem Häerz opgestallt, fir senger doudkranker Tatta Äddi ze soen.
© AFP (Archiv)

De Ben Jackson, Bauer aus Guyra am Nordoste vum Bundesstaat New South Wales, konnt wéinst der Pandemie net op Brisbane bei seng doudkrank Tatta fueren, fir hir eng leschte Kéier Äddi ze soen. Si wunnt zu Brisbane am Nopesch-Bundestaat Queensland. Opgrond vun den Areesrestriktiounen tëschent de Bundeslänner konnt de Ben Jackson senger Tatta just per “Videomessage” Äddi soen.

Zesumme mat senge Kolleegen huet hie Fudder a Form vun engem Häerz op sengem Feld verdeelt. Duerno huet hien dat ganzt per Dron gefilmt an op Instagram eropgelueden.

Back to Top
CIM LOGO