
Wéi d’Agrar-Opsiichtsautoritéiten e Mëttwoch matgedeelt hunn, wier de Vaccin zu 100% wierksam. Eng Masseproduktioun soll am Abrëll lassgoen. Weider heescht et vu Russland, dass den Impfstoff och am Kampf géint d’Mutatiounen hëllefe kéint.
Éischt europäesch Länner, sou wéi d’USA, Kanada a Singapur hu schonn annoncéiert, u Carnivak-Cov interesséiert ze sinn.
Am November hu jo an Dänemark Millioune vun Näerze missen ëmbruecht ginn, nodeems bei enger Partie Déieren eng Coronavirus-Mutatioun detektéiert gouf, déi op de Mënsch konnt iwwerdroe ginn.