
Fir Fudder opzehuelen, kënnen Elefanten am Rüssel eng Saugfunktioun aktivéieren an dobäi souguer d’Vitess genee steieren, wéi et e Mëttwoch an enger Etüd heescht, déi vun de Fuerscher vum Georgia Institute of Technology verëffentlecht gouf. Esou eng Saugfäegkeet war bis ewell just bei Fësch nogewise ginn.
D’Fuerscher hunn d’Verhale vun enger 34 Joer aler Elefantekou aus dem Zoo vun Atlanta wärend dem Friesse beobacht. Dobäi hu si festgestallt, dass d’Déier jee no Nahrungsmëttel decidéiert, ob et seng Saugfunktioun asetzt oder net.
Fir genee nozevollzéien, wéini d’Elefantendamm sech fir eng bestëmmte Form z’iessen decidéiert, hunn d’Fuerscher dem Déier ënnerschiddlech grouss Stécker Rommele virun d’Nues, respektiv de Rüssel geluecht. Fir déi gréisser Stécker koum d’Spëtzt vum Rüssel an den Asaz, déi méi kleng Stécker goufen ugesaugt. Dës Funktioun gouf net just bei Chia-Som benotzt, ma och bei Tortilla-Chipsen, an dat souguer ouni se futti ze maachen.
Souguer e Stëbssuckler-Geräisch wier dobäi ze héieren, sou d’Fuerscher. Net opgesuckelt goufen dogéint kleng Kären, wuel, fir dass se net am Rüssel hänke bleiwen.
Fir d’Saugkraaft ze geréieren, setzen Elefanten der Etüd no net just hir Longen an, si hunn dofir speziell Kanäl an der Nues. Mat Ultraschall-Biller hunn d’Fuerscher kënne novollzéien, wéi d’Elefantekou hir Nueslächer ëm bis zu 30 Prozent erweidert. Domat ass d’Opnam-Kapazitéit vum Rüssel op iwwer 60 Prozent gesteigert.
Den Georgia Institute of Technology ass op Biomechanik spezialiséiert. De Schwéierpunkt vun de Fuerschungen: wéi déierescht Verhalen an der Robotertechnologie kann agesat ginn. Schonn an der Vergaangenheet huet den Elefanterüssel schonn aner Technologien inspiréiert, zum Beispill fir d’Betanke vu Schëffer.