
E wëllen Elefant hat eng Mauer vun hirem Haus mam Kapp duerchstouss an huet mat sengem Rüssel no eppes z’iesse gesicht. D’Famill hat zu deem Zäitpunkt nach geschlof, wéi si de Kaméidi héieren hunn.
Do war den Elefant schonn am Gaang eng plastiks Tut ze friessen, wou Liewensmëttel dra waren an hat d’Regaler duerchwullt. Den “Abriecher” wousst och genee wat e mécht, sou de Familljepapp, deen de Video vu sengem spezielle Gaascht op Facebook gesat huet.
De 40 Joer alen Elefant wier keen Onbekannten. De Boonmee wier reegelméisseg bei den Duerfleit op Besuch a sicht do no Fudder.
Vertrieder vum Nationalpark an der Géigend hunn der Famill awer recommandéiert, an Zukunft näischt Iessbares méi leien ze loossen, besonnesch Salzeges. E Veterinär huet donieft erkläert, dass et net ongewéinlech ass, dass Elefante wärend der Reenzäit net genuch salzeg Nahrung fannen an dofir bei de Mënschen dono siche ginn.
Dem Thai Elephant Conservation Center no ginn et schätzungsweis nach just 3.000 wëll Elefanten an Thailand. De Mënsch geet ëmmer méi an d’Géigend vun hirem Liewensraum wunnen a bedreift do Landwirtschaft. D’Elefante si forcéiert op der Sich no Nahrung hiert Ëmfeld ze verloossen, dat ëmmer méi kleng gëtt.
An dësem Fall ass d’Renconter friddlech ausgaangen an d’Famill huet gesot, dem Boonmee seng salzeg Schneekegkeeten an de Bësch ze bréngen. D’Kichemauer kréie si op Käschte vun den zoustännegen Autoritéite gefléckt.