
Si ass dohinner gelaf an huet de 70 Kilo schwéiere Bier einfach ewechgestouss. Dono konnt si sech an hir Hënn a Sécherheet bréngen. Online schreift si iwwert hir Dot, réit awer och allen anere Leit, sech net mat engem Bier unzeleeën. “Maacht net, wat ech gemaach hunn, well et ka villäicht net esou gutt ausgoen”.
D’Teenagerin hat grad am Gaart geschafft, wéi si gesinn huet, datt eng Bieremamm mat hiren zwee Klengen iwwert d’Grenzmauer vum Terrain gelaf ass. D’Hënn hunn d’Bieren ugebillt an d’Mamm huet dorobber reagéiert an huet no den Hënn geschloen. D’Hailey Morinico ass dohinner gelaf an huet d’Bierin vun der Mauer gestouss. Dono huet se hir Hënn geholl an ass fortgelaf.
Op TikTok huet den Iwwerwaachungsvideo vum Grondstéck den Tour gemaach a gouf iwwer 10 Millioune Mol gekuckt. Donieft war d’Teenagerin a villen US-Fernseesender ze gesinn, wéi si hir Geschicht erzielt huet.