Sachsen-AnhaltFra bei Fotoshooting vu Leopard gebass

RTL Lëtzebuerg
Déi 36 Joer al Fra aus Thüringen gouf schwéier um Kapp blesséiert a mam Helikopter an d'Spidol bruecht.
Leopard an engem Zoo a Frankräich
Leopard an engem Zoo a Frankräich
© AFP/Archiv/PATRICK HERTZOG

De Leopard war 1 vun 2 Exemplaren, déi sech am Käfeg zu Grosswangen bei Nebra ënnert der Opsicht vun enger Déieren-Trainerin opgehalen hunn. Dobäi handelt et sech ëm 2 Leoparden am Alter vu 16 an 18 Joer. Der däitscher Police no hätt sech d’Affer, zesumme mat engem Fotograf, am Käfeg opgehalen.

Wéi et zu dëser Attack komm ass, ass nach net bekannt. D’Police huet eng Enquête opgemaach.

Den Autoritéiten no hat de Veterinär-Verband den 3. August eng Kontroll gemaach. Hei gouf ënner anerem gekuckt, wéi d’Wuelbefannen vun den Déieren ass a wéi si gehale ginn. Et hat sech erausgestallt, datt d’Déieren “aartgerecht” gehale ginn.

Back to Top
CIM LOGO