
Dee klenge Gorilla ass Mëtt Juni am Bateke-Plateau-Nationalpark am zentralafrikanesche Gabun op d’Welt komm, wéi de franséischen Zoo zu Beauval südwestlech vu Paräis en Dënschdeg matgedeelt huet. Do ass d’Gorilla-Mamm Mayombé virun 13 Joer gebuer ginn. De 15 Joer ale Papp Djongo staamt aus dem südenglesche Safaripark Port Lympne.
D’Gebuert wier immens wichteg fir den Erhalt vun der Déierenaart, déi virum Ausstierwe steet. Béid Eltere vum Baby-Gorilla waren am Nationalpark zu Gabun ausgesat ginn.
De Bëbee wier den Ament nach schwaach, ma d’Mamm géif e perfekt halen a gutt fidderen, sou déi stellvertriedend Directrice vum franséischen Zoo, Delphine Delord. Och de Papp wier immens virsiichteg. Verstoppte Kameraopname géife weisen, dass hie säi Kand souguer beréiert an d’Mamm hie gewäerde léisst.
Den Zoo hofft op eng gutt Entwécklung vum klenge Gorilla. Dem Déierepark no liewe just nach 150.000 bis 250.000 Flachlandgorillaen an der fräier Wildnis, ronn 800 liewen an Zooe weltwäit.