Scho bei de Réimer gouf vill a gäre gespillt, eppes dat sech duerch déi ganz Geschicht bis bei eis gezunn huet... De Steven Milbert weess hei méi!

Aus der Zäit vum Romulus a Remus erzielt de Plutarch, dass am Tempel vum Herkules ee Wiechter vum Tempel géint de Gott Herkules gewierfelt hätt. Falls de Wiechter gewanne géif, sou misst Gott him seng Sënne verginn, géif en allerdéngs verléieren, sou wier de Wiechter dozou verflicht, dem Herkules eng schéi Fra ze sichen.

Deemno gouf och scho bei de Réimer dacks a gäre gespillt, a wei mer um Beispill vu virdru gesinn, och mat Wettasaz. Dozou muss een awer wëssen, dass d’Réimer d’Spillen net erfonnt hunn. Si hu vill méi d’Spiller vun de Griichen a vun hiren ëstlechen Noperen iwwerholl an se e bëssen adaptéiert. Esou hu si hier ganz eege Glécksspiller entwéckelt, déi si dann no hiren eegene Reegele gespillt hunn.

Allerdéngs goufen d‘Glécksspiller och schonns zur Zäit vun de Réimer vehement kritiséiert. Sou huet den Tacitus nëmme mam Kapp gerëselt, wou hie gemierkt huet, dass d’Réimer sech ëmmer méi hire barbareschen Noperen, de Germane, géifen upassen, an ëmmer méi Läit hier Fortune fir topeg Spiller op d’Spill géife setzen. Och de Cato, dee berüümt ginn ass fir de Saz „Mais il faut détruire Carthage“, huet deemools schonn am gläichen Otemzuch gesot, dass vernënfteg Bierger d'Fanger vun de Wierfele solle loossen.

Dëst huet allerdéngs net vill bruecht, zumindest wann een den historesche Quelle Glawe schenken dierf. Esou soll de Keeser Nero 400.000 Sesterzien op ee Worf gesat hunn an och säi Virgänger de Claudius war dofir bekannt, iwwerall a mat jidderengem ze wierfelen. Allerdéngs ass et bei de Réimer meeschtens em Suen, Grondstécker oder em Véi gaangen. Ganz esou skrupellos wei d’Germanen, d’Inder oder d’Chinese waren se also net. Zumindest ginn et bei de Réimer keng Quellen, déi beleeë géifen, dass si hier Sklaven, Fraen oder Kanner fir en Glécksspill riskéiert hätten.

Mä d’Réimer hunn net nëmme gewierfelt. Si haten och eng helle Wull un anere Spiller, déi si an hirer Fräizäit gespillt hunn. An dëser Serie wäerte mir all Kéiers op ee vun deene Spiller agoen, se kuerz virstellen, de Spillprinzip erklären oder awer aner flott Anekdoten iwwer d’Spillkultur vun de Réimer ernimmen. Am nächsten Artikel zu dëser Serie wäert et dowéinst ëm d’Spill „Dreule und Würfel“ goen.

Sieft also gespaant!