
Keen anert Videospill gëtt méi ongedëlleg antizipéiert wéi GTA 6, an dat läit natierlech un dem enorme Succès vun de viregte Spiller. Ronn 230 Millioune Kopië vu GTA 5 goufen zanter 2013 verkaf. Domat ass et dat zweet-meescht verkaaft Videospill iwwerhaapt, an dat just hannert Minecraft. Deemools huet GTA 5 um éischten Dag ganzer 800 Milliounen Dollar u Ventë generéiert, no dräi Deeg war et eng Milliard - e Rekord zu deem Zäitpunkt. A villes weist dorop hin, dass dat neit Spill dëse Rekord wäert knacken. De Spilltrailer, deen 2023 op Youtube publizéiert ginn ass, gouf bannent 24 Stonnen 93 Millioune mol gekuckt - hei och e Rekord fir en Net-Museksvideo. Éischte Schätzungen no kéint d’Spill 40 Millioune Kopien an dräi Milliarden Dollar generéieren, an dat just an den éischte véier Méint.
Firwat hunn d’Entwéckler dann 13 Joer op en Nofollger waarde gelooss?
Den Drock u Rockstar Games, d’Entwécklunghaus hannert GTA, war grouss fir de viregten Titel ze toppen. D’Ambitiounen a sou och d'Komplexitéit sinn ëmmer weider gewuess. Ufanks wollten d’Entwéckler eng riseg fräi Spillwelt schafen, änlech wéi dat och an aneren Titele vu Rockstar de Fall ass, wei zum Beispill Red Dead Redemption. Um Enn huet ee sech dofir decidéiert, dass d'Spill sech gréisstendeels ëm eng Stad dréint: Vice City - eng fiktiv Stad, an där sech d’Entwéckler staark u Miami inspiréiert hunn. Och gouf grousse Wäert op déi klengsten Detailer geluecht, fir datt d'Spillgefill méiglecht realistesch gëtt, dat huet bei der Entwécklung vill Zäit kascht. An d’Pandemie, grad esou wie intern Management-Problemer hunn d’Entwécklung vum Spill weider gebremst.
Wéi lukrativ ass déi digital Spillindustrie?
Et ass eng riseg Industrie, déi dëst Joer eppes méi wéi 213 Milliarden Dollar soll erreechen. Déi Plattform mat de meeschte User ass de Smartphone. Dat ass och net ganz iwwerraschend, déi meeschte Leit hunn hautzedaags e Smartphone, an deen ass och ëmmer dobäi. Op zweeter Plaz ass de Computer a just hannendrun d’Konsol.
Microtransaktioune si jo bekanntlech och eng grouss Revenuesquell fir Online-Spiller. D’EU wëll dat awer elo méi schaarf reglementéieren.
Ënnert Microtransaktioune versteet een, dass mat richtege Suen an engem Spill virtuell Objete kënne fräigeschalt ginn. Dat ass eppes, wat fir Kritik suerg. Grad well och vill Jugendlecher a Mannerjäreger do kënnen deelhuelen, huet sech europäesch Kommissioun dat méi genau ugekuckt. E Mëttwoch gouf dozou vun der Kommissioun e Gesetzesvirschlag gemaach, den Digital Fairness Act, kuerz DFA. Dëst Gesetz géing eng eben och Microtransaktiounen decken, fir dës méi transparent ze maachen a Kanner virun abusive Praktiken ze schützen.