No 13 Joer, zwou Verspéidungen an enger Rei Leaks steet enfin déi grouss Première vu GTA VI un. Grand Theft Auto gëtt ronderëm d'Welt mat Spannung erwaart. Dat deierst Videospill vun allen Zäiten, dat all Rekorder soll briechen.
Déi digital Versioune fir d'Playstation 5 an d'Xbox Series kommen an de jeeweilege Regiounen en Donneschdeg ëm Hallefnuecht eraus. An Neiséiland ass d'Spill eiser Zäit e Mëttwoch um 11 Auer also als éischt erauskomm. Och an Australien an an Asien dierf virun den Europäer gespillt ginn. D'Méiglechkeet, dass op YouTube a Co am viraus gespoilert gëtt, ass natierlech grouss. Via VPN wäert wuel och méi wéi ee versichen, éischter an de Genoss vu GTA 6 ze kommen.
Offiziell Zuele gëtt et nach keng, Insider ginn awer dovun aus, dass méi wéi 15 Milliounen Exemplairë virbestallt gi sinn, wat e Wäert vu ronn 1,5 Milliarden Dollar duerstellt. Ongeféier sou vill soll och d'Entwécklung vum Spill kascht hunn. Et gëtt domat gerechent, dass GTA VI bis Enn des Joers méi wéi 3 Milliarde wäert ëmgesat hunn.
Aus Industriekreesser heescht et, déi 6. Versioun vu GTA wier d'"Taylor Swift vun de Videospiller". D'Spill wäert esou en Effekt hunn, dass d'Zuelen an anere Beräicher vum Entertainment wäerten zréckgoen. Netflix a Co wäerten zur Niewesaach geroden. Vill Leit hu sech weltwäit Congé geholl, e Spezialist fir Ressources humaines schwätzt europawäit vu bis zu 38 Prozent méi Demanden, fir direkt kënne lass ze leeën.
D'Handlung leeft am fiktive Bundesstaat Leonida, als Inspiratioun huet Florida gedéngt, an der Stad Vice City, déi Miami City änelt, wou eng Koppel am Bonnie-&-Clyde-Stil versicht, hir Aventuren z'iwwerliewen. Versprach kritt de User e Realismus an enger Form, déi et bis elo nach net esou gouf. Ernärung, Sport a Schlof si wichteg, de Figuren hir Gesondheet gëtt iwwert eng entspriechend App ugewisen.
D'GTA-Serie stoung vun Ufank un awer och ëmmer an der Kritik, well een dora vill verbuede Saache maache kann a Gewalt glorifizéiert géing ginn. Ënnert anerem dowéinst wäert et a Russland, China, Libanon a Katar keen offizielle Release ginn. A Frankräich sinn déi meescht GTA-Spiller deconseilléiert fir Gamer ënner 18 Joer an och an Däitschland riicht sech GTA 6 just un Erwuessener.
Ronn 480 Milliounen Exemplairë vun der ganzer GTA-Rei si weltwäit verkaaft ginn, vum fënnefte Spill eleng knapp d'Hallschent. Dräi Deeg no sengem Release hat GTA V am Joer 2013 schonn eng Milliard Dollar agespillt. Spill Nummer sechs huet eleng mam Virverkaf déi Markéierung schonn iwwersprongen.
GTA VI ass 212 GB grouss. Wien eng lues Internetverbindung huet, muss also laang waarden, bis d'Spill fäerdeg erofgelueden ass. D'Firma Rockstar Games hat awer am Virfeld schonn d'Méiglechkeet ginn, méi fréi mam Download unzefänken, fir datt en Donneschdeg net alles zesummebrécht.
Enn 2025 sollt dat neit Spillt eigentlech erauskommen, de Release war awer zweemol verréckelt ginn. Zanter 2022 sinn och 90 Videoen aus der Entwécklung geklaut an online gesat ginn.
Zu Éiere vum Release wäerten d'Miami Heat an der Nuecht op en Donneschdeg um Hype ronderëm de Release deelhuelen a "Vice City" op hiren NBA-Tricote stoen hunn. De Parquet an der Hal wäert och an deem Design gehale sinn.
Déi fiktional Stad Los Santos am fënneften Deel vu GTA warder offizieller Kaart no 75 Quadratkilometer grouss. Vice City am neie Bundesstaat Leonida soll duebel sou grouss sinn.
Bekannt Stare wéi zum Beispill Samuel L. Jackson, Dr. Dre, Burt Reynolds, Axl Rose, Ricky Gervais a Ray Liotta hunn an de verschiddene Versioune vu GTA de Figuren hir Stëmme geléint. Am Ganzen 861 Leit sinn an de GTA-Studioe vertount ginn. Weltrekord laut Guinness.
De franséischen Elektro-Duo Justice huet dat offiziellt Lidd fir GTA VI komponéiert. Ronderëm dat neit Spillt gëtt et awer och e ganzen Album, op deem Lidder vun ë.a. dem Travis Scott an dem Stones-Gittarist Keith Richards drop sinn.
Déi minimal Dauer, fir eng Kéier all d'Haaptaufgaben duerch ze spillen, läit bei knapp 80 Stonnen. Et gëtt mat der Standard Edition a mat der Ultimate Edition zwou verschidde Versioune vum Spill - déi zweet bitt eng Rei extra Features.
Scho virum Release ass GTA VI aachtmol nominéiert gi fir d'Game Awards, déi Mëtt Dezember wäerte vergi ginn.