Release vu "GTA VI"Videospill-Tester begeeschtert, Geschäftsleit enttäuscht

Charlie Stone
No bal 13 Joer Waarden huet GTA VI eng nei Ära an der Spillwelt agelaut. Direkt no der Verëffentlechung gouf d'Spill net nëmmen an de Medien, mee och bei de Spiller selwer mat groussen Erwaardungen empfaangen – an dës goufe bis elo net enttäuscht.
© Charlie Stone

Mat Ausdréck wéi “net ze verpassen“ oder “esou realistesch, datt et kaum ze gleewe ass“ iwwerschloe sech d’Spillkritiker bei der neier Editioun vu GTA. Grouss Zeitunge zéie Vergläicher mat Metropolen ewéi Paräis, well et am Spill esou vill Aktiounen a Méiglechkeete gëtt, dass ee bal den Iwwerbléck verléiert.

Direkt no der Verëffentlechung huet GTA VI e Rekord gebrach an ass elo dat héchst bewäerte Spill op Metacritic – e Portal, dat fir Kriticken an der Spillindustrie als Referenz gëllt. Dëst bedeit, dass de laangjärege Spillerfavoritt “The Legend of Zelda: Ocarina of Time” vum Troun gestouss ginn ass.

Nieft der Haaptgeschicht kënnen d’Spiller an enger oppener Welt fësche goen, Dëscher flécken oder sech op déi typesch “Spiller-Exzesser“ aloossen, déi d’GTA-Reih berüümt gemaach hunn. D’Detailgenauegkeet, mat där d’Entwéckler d’Spillwelt opgebaut hunn, ass bis ewell ouni Verglach.

Technologesch Spréng maachen d’Spiller méi realistesch

Fir de Sven Benz, Video-Spill-Kritiker bei RTL, ass GTA VI e grousse Schrëtt no vir am Beräich vun den Open-World-Spiller. Dëst wier nëmme méiglech duerch déi technesch Innovatioune vun de leschte Joren, esou de Benz.

Hie mécht de Verglach mam eelere GTA III: “Do hu se missen op enger laanger Riichter eng Kéier abauen an e Gebai an de Wee setzen, carrement, well fréier op der PlayStation den Disk eeben net séier genuch gedréint huet, dass dann d'Strooss herno geluede gouf. Mat deenen heite Generatioune vu Konsolen a Computeren ass dat absolutt kee Problem”, erkläert de Benz. Staark Prozessoren, besser Grafikkaarten a séiere Späicher maachen et méiglech, dass Entwéckler ëmmer méi grouss an detailléiert Welte mat realisteschem Liicht a Schied erschafe kënnen.

Kënschtlech Intelligenz erweidert d’Méiglechkeeten

Kënschtlech Intelligenz kéint dëse Realismus nach verstäerken. Wärend d'Figuren an eelere Spiller just eng Handvoll Standard-Äntwerten haten, kënne se duerch AI méi natierlech op d’Spillsituatioune reagéieren. Amplaz ëmmer déi selwecht Sätz ze widderhuelen, kéinten NPCen z.B. op Verbrieche reagéieren an d’Police ruffen oder fortlafen. „Mat KI kritt d’Spillentwécklung eng ganz nei Dimensioun, déi d’Erfarung nach méi intensiv mécht“, seet de Benz.

Wat dem Sven Benz am meeschte bei GTA VI opfält, ass d’Onmass u klengen Detailer. „D’Detailverléift vu Rockstar geet souwäit, dass kaum een anere Studio mat hale kann“, fënnt hien. Esou goufe fir d’Spill net einfach digital Graffitien entworf, mee richteg Stroossekënschtler engagéiert, fir déi virtuell Welt realistesch ze gestalten.

Héije Präis fir Perfektioun

Allerdéngs huet esou ee Projet säi Präis. Fir e Spill vu dësem Ausmooss ze entwéckelen, schaffen Dausende vu Leit a verschiddene Studioe weltwäit zesummen. D’Pandemie huet d’Aarbecht nach méi an d'Längt gezunn. Rockstar war bereet, d’Verëffentlechung ze verréckelen, amplaz schlecht preparéiert un d’Fans erauszegoen.

Och wa GTA VI no iwwer zéng Joer Entwécklung villen Erwaardunge gerecht gëtt, bleiwe Froen op: Wat bedeit dëse Standard fir d’Zukunft vun der Spillindustrie? An wou steet d’lokal Videospill-Industrie bei esou engem risege Release?

De Reservoir, e Videospillbuttek an der Stad, huet de Succès net esou gespuert wéi anerer. Doduerch, datt d’Spill mat engem Code aktivéiert muss ginn an ouni Disc, hu si nëmmen ee klenge Stockage bestallt fir ze verkafen.

De Xavier Sinnes vum Réservoir
De Xavier Sinnes vum Réservoir
© Charlie Stone

"Et ass de gréisste Release, dee jee war. Well et just digital erauskomm ass, do sinn déi mannste Leit, déi sech an de Buttek deplacéieren", esou de Xavier Sinnes, dee Responsabel vum Videospill-Rayon do ass. “Fir eis als Buttek war et enttäuschend, well mir net sou vill Leit haten, déi bei eis d’Spill kaaft hunn. Déi meescht hunn et online kaaft, well do déi besser Versioun ze kafen ass.” Dat stellt natierlech dann och d’Fro iwwer d’Zukunft vun de physesche Videospill-Geschäfter.

De Produktiounsbudget geet Berichter no an d’Milliarde an d’Entwécklung huet Jore gedauert – e Standard, deen nëmme wéineg Studioe kënnen erreechen.

Eng Industrie, déi souwisou schonn ënner ëmmer méi héijen Entwécklungskäschten, laange Produktiounszyklen an exigenten Uwendunge leit, steet mat GTA VI vläicht um Héichpunkt. Mä et ass och eng Warnung, wat de Präis fir Perfektioun ka sinn.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO