D'Geschicht vu "Grand Theft Auto"Vun engem bal gescheiterte Projet zum weltwäite Phänomen

Sven Benz
"Grand Theft Auto", kuerz GTA, ass eng vun de bekanntste Spillserien iwwerhaapt.
© Rockstar Games

Vun den éischten 2D-Versiounen iwwer "Vice City" a "San Andreas" bis bei "GTA V": Rockstar Games huet d'Gaming-Welt gepräägt. No iwwer 13 Joer Waardezäit steet elo ee vun de gréisste Releasë vun der Branche virun der Dier. Mee wéi huet alles ugefaangen?

Vun "Race'n'Chase" zu Grand Theft Auto

Beim schotteschen Entwécklerstudio DMA Design, gegrënnt vum David Jones, gouf an der Mëtt vun den 90er Joren un engem Spill mam Numm "Race'n'Chase" geschafft. D'Iddi: e Police- a Verbriecherspill, an deem een entweder als Polizist oder als Kriminelle spille konnt.

De Projet hat awer mat Problemer ze kämpfen. D'Demo war instabil an d'Spill ass reegelméisseg ofgestierzt. D'Entwéckler hunn awer erkannt, datt grad d'Fräiheet de Reiz vum Spill ausmaache kéint. Amplaz Police ze spillen, sollt de Spiller Autoe klauen, duerch d'Stad fueren a Chaos stëften. Missiounen iwwer Telefonskabinne sollten dem Spill eng Struktur ginn. Aus "Race'n'Chase" gouf "Grand Theft Auto".

1997 koum den éischten Deel op de Maart. D'Grafik war nach aus enger Top-Down-Perspektiv, also vun uewen erof. Trotzdeem huet den Titel mat senger Fräiheet de Grondstee fir eng nei Spillserie geluecht.

Den Duerchbroch an enger dräidimensionaler Welt

De groussen Duerchbroch koum 2001 mat "GTA III". Fir d'éischte Kéier konnt een eng komplett dräidimensional Stad fräi entdecken. Liberty City war eng lieweg Welt mat Verkéier, Passanten, verschiddene Quartieren a Radiosenderen. D'PlayStation-2-Versioun huet sech iwwer 11 Millioune Mol verkaf.

Schonn ee Joer méi spéit koum "GTA: Vice City". Als Tommy Vercetti ass de Spiller an eng fiktiv Versioun vu Miami an den 80er Jore gereest. Neonliichter, Palmen, Sportsween a Musek aus där Zäit hunn dem Spill eng ganz eegen Identitéit ginn. Nei Gefierer, Helikopteren an d'Méiglechkeet, Geschäfter opzebauen, hunn d'Spill weider erweidert.

2004 koum mat "San Andreas" den nächste Meilesteen. Amplaz vun enger eenzeger Stad konnt een direkt dräi Metropole besichen: Los Santos, San Fierro a Las Venturas. De Carl "CJ" Johnson konnt trainéieren, u Gewiicht zou- oder ofhuelen, seng Fäegkeete verbesseren a säin Ausgesinn änneren. D'Spill gouf zu engem vun de kommerziell erfollegräichste vu senger Zäit.

Méi Realismus mat GTA IV an eng nei Ära mat GTA V

2008 huet Rockstar mat "GTA IV" eng méi realistesch a méi eescht Richtung ageschloen. D'Geschicht vum Niko Bellic, deen aus Osteuropa an d'USA kënnt, gouf duerch d'Euphoria-Technologie mat méi realistesche Beweegungen a Reaktioune vun de Figuren ergänzt. Schonn an der éischter Woch goufe ronn sechs Millioune Kopie verkaf, mat engem Ëmsaz vu méi wéi 500 Milliounen US-Dollar.

2013 koum "GTA V" eraus an huet d'Erwaardungen nach eng Kéier iwwertraff. Fir d'éischte Kéier konnt een tëscht dräi Haaptpersonnagë wiesselen: Michael, Franklin an Trevor. Hir ënnerschiddlech Fäegkeeten hunn och bei den Heists, also organiséierten Iwwerfäll, nei Méiglechkeete geschaf. Bannent just dräi Deeg huet d'Spill méi wéi eng Milliard Dollar Ëmsaz gemaach. Bis haut goufen iwwer 230 Millioune Kopie verkaf.

GTA Online a FiveM: E Spill, dat ni opgehalen huet

Mat "GTA Online" koum eng zweet grouss Komponent dobäi. Zesumme mat anere Spiller konnt een Los Santos entdecken, Geschäfter opbauen, Renne fueren oder Iwwerfäll organiséieren. Reegelméisseg Updates an nei Missiounen hunn de Multiplayer zu engem eegene Phänomen gemaach.

Eng besonnesch Roll huet FiveM gespillt. D'Multiplayer-Plattform huet Roleplay-Serveren erméiglecht, op deenen d'Spiller eng fiktiv Perséinlechkeet iwwerhuelen, zum Beispill als Polizist, Dokter oder Geschäftsmann. Datt d'Equipe hannert FiveM, Cfx.re, 2023 offiziell Deel vu Rockstar Games gouf, ënnersträicht d'Bedeitung vun dëser Community.

13 Joer gewaart: Elo kënnt GTA VI

Zënter 2013 ass vill Zäit vergaangen. Mat "Red Dead Redemption 2" huet Rockstar an der Tëschenzäit bewisen, wéi detailléiert a lieweg eng oppen Spillwelt ka sinn. Vill Spiller hoffen, datt GTA VI vun dësen Erfarunge profitéiert.

D'Erwaardunge si riseg. Mam Jason a Lucia kritt een zwee Haaptpersonnagen, déi no engem mëssgléckte Coup an eng kriminell Verschwierung am fiktiven US-Bundesstaat Leonida verwéckelt ginn. Nieft dem Retour op Vice City versprécht Rockstar eng nach méi detailléiert Spillwelt.

No méi wéi engem Joerzéngt Waardezäit, ville Spekulatiounen an e puer Verspéidunge soll et elo endlech esou wäit sinn. "Grand Theft Auto VI" kënnt den 19. November 2026 fir PlayStation 5 an Xbox Series X|S eraus. Wien d'Spill digital virbestallt huet, kann et mëttlerweil schonn op seng Konsol eroflueden, fir um Release-Dag direkt lasszeleeën.

Och bei eis heescht et elo: nach e bësse Gedold.

Sou séier wéi méiglech kënnt hei eng Review zu "GTA VI".

Back to Top
CIM LOGO