
Tëscht Virbestellungen op Rekordniveau, Emballagen ouni Disk a Liwwerengpäss di sech virun allem méi kleng Geschäfter schwéier, fir matzehalen.
13 Joer nodeems GTA V erauskoum, gëtt d'Verëffentlechung vu sengem Nofollger GTA 6 vu Fans vun der Rei op der ganzer Welt mat Spannung erwaart. Mä hannert der Virfreed op de Rockstar-Games-Blockbuster, dee vun en Donneschdeg un offiziell spillbar ass, verstoppe sech och d'Schwieregkeete vum onofhängege Videospill-Commerce. Zu Lëtzebuerg fält d'Euophorie vun de Geschäfter, déi vun eise Kolleege vun RTL Infos befrot goufen, ënnerschiddlech aus.
Beim Fnac um Hamilius besteet keen Zweiwel un der Begeeschterung. "D'Virbestellunge leien däitlech iwwert deene vun anere Spiller", esou de Richard Hoitinga, Gerant vun der Filial. Eng Situatioun, déi hien en Vue vun der vergaangener Zäit zanter dem leschten Deel, net iwwerrascht. D'Clientèle géing iwwregens bei wäitem net just aus jonke Spiller bestoen: "Den duerchschnëttleche Client ass ronn 30 Joer al, also een, deen och déi éischt GTA-Deeler materlieft huet."
Trotzdeem plangt d'Geschäft keng besonnesch Mesurë fir de Verkafsstart. Et wäert weeder speziell Ouvertureszäiten nach Demonstratiounskonsole ginn. "Mir hunn dofir keng Plaz, an dacks herrscht Chaos, wann e Geschäft esou Aktiounen organiséiert", sou de Richard Hoitinga. De Filial-Chef rechent och net mat esou engem groussen Undrang wéi rezent am Kader vum 30. "Pokémon"-Anniversaire, wéi sëllege limitéiert "Pokémon"-Produite verkaf goufen. D'Këschte vum Spill kritt ee jo iwwerdeems schonn zanter en Donneschdeg, also genee eng Woch virum Release ze kafen an de Pre-Download ass och schonn zanter e puer Deeg méiglech.
E puer Stroosse weider, am Geschäft "Réservoir", ass d'Stëmmung eng ganz aner. De Xavier Sinnes, Responsabele fir d'Videospiller, hat uganks nach eng ganz Rei Virbestellungen erakritt, mee wéi e gewuer ginn ass, datt d'Spill an enger Këscht mat engem Download-Code an ouni Disk wäert ugebuede ginn, wollt e seng Clienten dorop hiweisen: "Méi wéi d'Hallschent vun de Commandë si stornéiert ginn", erzielt en. "Gamer, déi sech mam physesche Format verbonne fillen, wëlle keng eidel Këscht."
De Buttek huet doropshi seng Commanden op ronn 30 Exemplairë fir d'PS5 an zwee weiderer fir d'Xbox Series X limitéiert. Ma an de leschten 10 Deeg virun der Verëffentlechung ass d'Nofro nees geklommen. 20 weider Demandë sinn erakomm, ma ze spéit fir d'Geschäft fir Supplementen ze beschafen. D'Resultat: All disponibel Këschte si fir Clientë reservéiert, déi virbestallt hunn. En Donneschdeg wäert deementspriechend keen Exemplaire am fräie Verkaf ugebuede ginn: "Um Enn wäerte mer dat lescht Zelda-Spill, dat an der Këscht komm ass, däitlech besser verkaf hunn."
Wéi GTA V am Joer 2013 erauskoum war d'Situatioun eng ganz aner. Deemools hat de "Réservoir" un engem eenzegen Dag ronn 300 Exemplairë vum Spill verkaf - fir d'Geschäft e Rekord, deen eréischt rezent mat der 30-Joer-Pokémon-Sammeleditioun gebrach gouf. Fir de Gerant vum Buttek, Christophe Ayroles, ass dës Verännerung schwéier ze verkraaften. "Da wäert en Trauerdag fir eis ginn".
Trotzdeem kann de Proprietär op eng trei Clientèle zielen, déi heiansdo bereet ass, zéng Euro méi wéi bei de grousse Chaînen ze bezuelen, fir weider lokal ze kafen. "Virun allem d'Gamer am Alter vun 30 bis 40 Joer. Déi Jonk sinn et gewinnt hir Spiller erofzelueden."
Zu Déifferdeng huet de Gerant Bruno Goncalves eng radikal Decisioun getraff: Säi Geschäft "Player ONE" wäert GTA 6 net verkafen. Dat wéinst dem offréierte Format ma och aus wirtschaftleche Grënn: "D'Margë si minimal an eidel Këschten ouni CD oder Änleches ze verkafen, lount sech net".
Dem Gerant no kéinte kleng Butteker bei dëser Aart vu Produit net mat de grousse Chaînë konkurréieren. Senge Berechnungen no läit den Akafspräis vun engem Spill vun dëser Kategorie bei 55 bis 58 Euro hors Taxe. Wann déi grouss Chaînen d'Spill awer fir ronn 69,90 Euro oder souguer manner ubidden, bléif dem onofhängege Vendeur nëmmen nach eng Marge vun e puer wéinegen Euro, wann e sech dem Präis upasse wëll.
"Kleng Geschäfter kënne bei bestëmmten Artikelen net méi mat de grousse Chaînë mathalen", sou de Bruno Goncalves. D'Gewunnechte vun de Verbraucher maachen d'Saach net besser: "D'Clientë versichen ëmmer, dat Gënschtegst ze kafen. Anerersäits gëtt et ëmmer déijéineg, déi d'Situatioun verstinn a léiwer bei eis akafen, och wann et e bëssi méi deier ass".
De Phenomeen geet entretemps awer iwwer den Eenzelfall vu GTA 6 eraus. "Dat ass schonn zanter Joren esou, an elo, mat den digitale Versiounen, wäert et wierklech schwiereg ginn, nei Spiller ze verkafen", sou den Déifferdenger Gerant weider. Fir weider bestoen ze kënnen, misste Fachgeschäfter dowéinst verstäerkt op Retro- an Occasiounswuere setzen. "Retro- an Occasiounsspiller wäert et ëmmer ginn", meng hien. De Bruno Goncalves erënnert sech un eng Zäit zeréck, an där et "eleng an der Stad Lëtzebuerg véier Videospillgeschäfter gouf". Haut, sou stellt e fest, ass just nach eent iwwreg, dat seng Offer och diversifiéiere muss.