2021 kéint e gutt Joer fir all Fan ginn, bei deem d’Léift méi wäit geet, wéi nëmme Videospiller ze spillen.

Nodeems LEGO fir d’Joer 2021 ganzer 6 nei Lego-Mario-Sets an ee ganz neit Set u LEGO-Mario Character Packs ugekënnegt huet, gouf elo déi nächst Iwwerraschung ugekënnegt.

Viru Kuerzem huet LEGO bekannt ginn, datt se un enger Adaptatioun vun der Green Hill Zone aus Sonic Mania schaffen. Um Bild vun der Ukënnegung gesäit een dann, dat eng Ëmsetzung vum Sonic, Dr. Eggman a vun diversen aneren ikonesche Sonic-Elementer geplangt ass.

Ze verdanken hunn mer dëse Projet dem 24-Joer-ale Viv Grannell aus Groussbritannien. Hien huet d’Green Hill Zone mat Lego nogebaut an säin Entworf op LEGO Ideas gestallt. Op dësem eegens vu LEGO kreéiertem Site hunn d'Fans d’Méiglechkeet, Virschléi un LEGO-Adaptatiounen eranzeschécken a falls se genuch Likes an Zouspréch kréien, iwwerleeën sech d’Responsabel vu LEGO tatsächlech déi Iddi ëmzesetzen. Dat ass dann och am Fall vum Grannell agetrueden, esou datt mer deemnächst kënnen dovunner ausgoen, dat mer eis d’Green Hill Zone a Stuff stelle kënnen.

Wat sot Dir dozou? Freet Dir iech iwwert des Ëmsetzung oder loosst Dir éischter d’Fanger dovun? Loosst eis et wéi ëmmer an engem Commentaire wëssen.